
© The Searchers
An e puer Wochen ass et esouwäit – d'amerikanesch Presidentschaftswalen. Ee vun de béide Kandidaten, krut elo och nach ee Biopic. Den Tom Dockal huet sech den Trump-Film The Apprentice ugekuckt a presentéiert en elo als Film vun der Woch.
Den Donald J. Trump. Deen Numm ass wierklech net ze frecken a vun der Bildiwwerfläch ze kréien. D'Humoristen an d'Late Night-Presentateuren hunn sech iwwer laang Joer d'Zänn zerschloen, ewéi eng Persiflage vun eppes maachen, wat all Notioun vu Persiflage sprengt. Elo also e Film. E Film, deen d'ailleurs zu Cannes an der Kompetitioun gelaf ass. Dat wëll a priori guer näischt heeschen, mee vläicht ass de Film vum Ali Abbasi mam Sebastian Stan an der Titelroll awer net ganz ouni Interêt a weess eis eppes méi oder erliichtendes iwwer dësen dach esou wichtegen an orange Personnage vum 21. Joerhonnert z'erzielen.
De Spectateur begéint dem Donald Trump an de spéiden 1970er, ewéi e ganz am Schiet vu sengem Papp, engem korrupten Immobiliemagnat, versicht säin eegene Wee ze goen. Dobäi trëfft en op den Affekot Roy Cohn, deen den Trump ënnert seng Fittichen hëlt. De Cohn ass ouni Skrupel an iergendee Gefill fir Schimmt an entwéckelt sech ewéi eng mephistopheelesch Figur vun engem Meeschter, deen als Strëppezéier aus dem Trump dat mécht, wat mir haut kennen.

© The Searchers
Den iranesche Realisateur Ali Abbasi huet sech mat senge béiden éischte Filmer Border an Holy Spider op ganz verschidden Aart a Weise mam Monster ausernaner gesat. Eemol waren et Trollen, eemol e Fraemäerder. Mat sengem éischte Film an englescher Sprooch realiséiert hien e Biopic a benotzt vollends deem seng Coden – mee de Personnage ass eeben alles anescht ewéi e sympatheschen. De Film verréit dem Abbasi seng Haltung selwer op den Trump net. Eppes ass kloer: dem Cohn seng Lektioune sinn net ganz subtil am Film placéiert an den Trump ass dann och just e klassesche fils à papa, deen no Confirmatioun sicht. Interessant ass awer, mat wat fir enger Nonchalance de Film d'Habgier afänkt a wéi mënschlech se ass. Ob elo esou kuerz virun de Walen de richtege Moment fir esou e Film ass... The Apprentice stellt ongewollt Froen iwwert de Besoin an den Timing vun esou Biopics . Trotz aller Virsiicht zum en gros awer interessante Film, deen den Trump net ewéi eng Karikatur vu sécher selwer weist: de Sebastian Stan als Trump an de Succession-Schauspiller Jeremy Strong als Roy Cohn si wierklech fantastesch an hire Rollen.

© The Searchers