Eng nei Filmwoch steet virun der Dier. Siwen nei Produktiounen am reguläre Programm. Dovunner zwou mat lëtzebuergeschem Input. Ma déi zwee Filmer an nach een drëtte fänke mam nämmlechte Buschtaf un. Den Tom Dockal weess bekanntlech op dëser Plaz méi.

231024 Nei am Kino 15h40

Marianengraben ass den Debutfilm vun der Realisatrice Eileen Byrne. Den vun der Samsa matproduzéierte Film erzielt vun zwee ganz verschiddene Personnagen, déi no Verloschter des Liewens midd sinn. D'Paula wëll sech um Gebuertsdag vum verstuerwene klénge Brudder zu Triest d'Liewen huelen, ma den Helmut wëll mat sengem mobile home d'Äsche vu senger Fra a Südtirol verstréeë goen. Déi Destinatioun bréngt déi zwee an dësem Roadmovie zesummen an et entwéckelt sech eng onerwaarte Frëndschaft. Mam Luna Wedler a mam Edgar Selge an den Haaptrollen.

De CinEast ass fir dëst Joer eriwwer, ma ee Film aus der Programmatioun ass elo am reguläre Kinosprogramm. Och am Film Mother Mara, engem Projet, un deem d'Paul Thilges Distributioun mat bedeelegt war, huet d'Haaptprotagonistin Mara mam rezenten Dout vun hirem Fils ze kämpfen. D'Liewen vun der Geschäftsfra fällt aus der Schinn, ma Begéinung mat engem gudde Frënd vum Fils ännert esou munches neess. D'Realisatrice Mirjana Karanovic klëmmt och an d'Roll vum Mara fir en, laut Kriticken, psychologesch intensiven Film.

En drëtte Film, deen tatsächlech mam Buchstaw M uffänkt ass Monsieur Aznavour. A wat am Titel steet, ass Programm. E weidere Musekerbiopic, ewéi et der gëtt ewéi Sand um mir. Wëll heeschen: méi ewéi genuch. Dës Kéier ass et also um Tour vum Charles Aznavour, an deem seng Haut den eigentlech ganz talentéierten Acteur Tahar Rahim klëmmt.

Soss nach am Programm: en drëtte Volet aus der Venom-Filmserie mam Tom Hardy als Journalist Eddie Brock / Alien Venom. En Anti-superheldefilm vun DC. Apropos drëtte Volet: den Horrorfilm Terrifier 3 mécht och säi Wee bei eis an de Kino. No Halloween am zweete Film, mécht den Art, de Clown elo d'Chrëschtdaagssaison onsécher. Krut bei de franséischen Nooperen e raren Ab 18-Stempel. Dann kënnt den däitsche Fantasyfilm fir Jonker Woodwalkers ronderëm Gestaltwandler an de Kino an déi amerikanesche Produktioun Harold and the Purple Crayon ass an däitschen an franséischen Faassungen ze gesinn.