
© Neon
Eng nei Kinoswoch steet un. Dës Woch ass eng, wann een esou wëll, eng speziell Woch, well et ass d'Kinoswoch, an där de mat der Palme d'Or gekréinte Film nei uleeft. Wat sech dohannert fir e Film verstoppt a wat soss nach uleeft, weess den Tom Dockal.
Den amerikanesche Realisateur Sean Baker war et, deem um Enn d'Gëlle Palm fir säi Film Anora iwwerreecht ginn ass. Am Film ass d'Ani eng jonk Escort vun New York, déi enges Daags de Fils vun engem russeschen Oligarch begéint. Wat als gewéinlech Geschäftssituatioun fir d'Ani ufänkt, endegt domadder, dat déi zwee sech zu Las Vegas bestueden. Mee déi russesch Eltere kréien dovunner Wand a maachen alles, fir dat d'Bestietnis tëscht deenen zwee jonke Mënschen annuléiert gëtt. E Film, dee mat senger Geschicht, déi iwwer zwee Ecken als Riff op Pretty Woman verstane ka ginn, garantéiert nach méi e Succès beim Publique wäert sinn ewéi The Florida Project.
En ass elo ëmmerhi 94 Joer aal an et huet keen et wierklech komme gesinn, mee de Clint Eastwood huet nees e Film realiséiert. Juror #2 ass e Geriichtsfilm, an deem de vum Nicholas Hoult gespillte Geschwuerenen Nummer 2 virun engem moraleschen Dilemma steet. An engem héichdiskutéierte hänkt et vu sengem Verdikt of, de scheinbare Mäerder de verurteelen oder fräizespriechen. Am Géigesaz zu den USA kritt de Film op mannst hei eng Plaz um groussen Ecran. Den Eastwood gëtt also weiderhin op mannst an Europa héichgehalen, wou en och viru 60 Joer mat de Leone-Filmer berümt ginn ass.
Mat Midas Man gëtt et alt neess e Museker-Biopic. An dësem Fall de Biopic vum 5. Beatles Brian Epstein. Deem säi Liewen natierlech doranner bestanen huet, zu Hamburg an de Kellerbars d'Beatles entdeckt ze hunn. Mee deem säi Liewen tragesch op en Enn goung. Laut Kriticken en duerchaus interessante Film.
Fir de Rescht gëtt et nach zwou Komedien. Engersäits Weisser Alter Mann, an deem de Jan Josef Liefers sech vu senger woker Säit weise muss, fir d'Karriärsleeder eropzefalen. Aus Frankräich kënnt C'est le monde à l'envers mam Michaël Youn an der Haaptroll, wat ni e gutt Zeeche fir Qualitéit ass.
Da gëtt et mat Singham Again an Amaran zwee Filmer fir d'Frënn vum Bollywood-Kino. An d'Cinextdoor Regionalkinoe weise Schacko Klak an der Thierry Van Werveke-Retro a als Spezial-Halloween-Programmatioun kann een In A Violent Nature gesinn. E Seriekiller-Film aus dem point de vue vum Seriekiller.