
© Neon
De Realisateur vun The Florida Project war mat sengen zwee Filmer dono an der Kompetitioun zu Cannes. A säin zweete Besuch op der Croisette huet sech nawell richteg gelount. De Sean Baker krut fir Anora d'Palme d'Or. Elo ass dëse Film bei eis am Kino. Fir den Tom Dockal Grond genuch, dëse Film als Film vun der Woch virzestellen.
Hannert dem Titel Anora verstoppt sech d'Haaptprotagonistin. Mee d'Anora huet deen Numm net esou gären a zitt d'Ofkierzung Ani vir. D'Ani ass eng jonk Fra, déi sech als Stripperin, Callgirl, Escort, Prostituéiert – jee nodeem, wéi een op hir Situatioun kuckt – duerch d'Liewe schléit. Mee enges Dags geschitt, wat just a Filmer geschitt. An engem Film ewéi Pretty Woman. Hir gëtt e jonken Typ, den Ivan, virgestallt, mat deem si Zäit soll verbréngen. Et stellt sech eraus, dat hien de Fils vun engem steeräichen Oligarch ass. Et geschitt, wat an esou enger transaktioneller Relatioun geschitt. Vill Sex, vill Party a vill Drogen. Dem Ivan schéngen d'Suen egal ze sinn, mee iergendeppes klickt bei deenen zwee impulsive jonke Mënschen. Zu Las Vegas bestueden si sech am Eifer des Gefechts. Dem Ivan seng Eltere kréien dat awer doheem a Russland séier mat a sinn alles anescht ewéi amused. An et dauert net laang bis dat den Elteren hir mafiéis Handlanger beim Ani a beim Ivan un der Dier klappen, fir d'Bestietnis z'annuléieren.
Wie schon deen een oder deen anere Film vum Amerikaner Sean Baker gesinn huet, weess, dat et bei him ëmmer esou eppes ewéi humanistesch Sozialstudie ginn, déi vun engem wierklech Independent-Kino-Geste geleet sinn. Tangerine a virun allem The Florida Project sinn do déi bekanntste Beispiller. Déi grouss Iwwerraschung ass Anora schonn dowéinster, well de Film sech als liicht knaschteg a respektlos Variatioun op Pretty Woman gëtt, dobäi awer ni an en haart Sozialdrama fält. Ganz am Géigendeel kokettéiert de Film mat der Komedie, iert en dann, wa bis d'Gangsteren an der Dier stinn, mat béide Féiss drafält. Déi iwwer zwanzeg Minutten an der Stuff mam Anora an de Gangsteren – do riskéiert keen Aen dréchen ze bleiwen. De Film wiesselt komplett d'Regëster an ass manner Pretty Woman, ewéi One, Two, Three vum Billy Wilder. Eng chaotesch, salopp inzenéiert Screwballkomedie.

© Neon
Anora huet alles op senger Säit, e richtege Publikumssuccès ze ginn. Virun allem ganz flott an engagéiert SchauspillerInnen, ewéi esou dacks bei Sean Baker Filmer. Virop natierlech d'Mikey Madison an der Roll vum Anora, mee och de Yura Borisov als Gangster Igor – fir just deen ze nennen – a vill anerer an den Niewrollen. Dem Sean Baker seng Iwwerzeegung, d'Sex-Aarbecht z'enstigmatiséieren féiert zu Momenter, bei deenen een sech freet, ob hien net awer heiansdo vläicht ze wäit geet an d'Saach sech ze einfach mécht, mee de Schluss hëlt een nees zeréck op de Buedem. E Film, deen trotz aller Komedie engem méi ze denke gëtt, ewéi en dat op den éischten Abléck ze maache schéngt. Anora, eng iwwerraschend Palme d'Or dëst Joer zu Cannes.