Wéi wier et mat enger kuerzer – vläicht zwou-Stonne-laanger – Verschnaufpaus vun den US Walen? Well et ass Mëttwoch a Mëttwoch ass bekanntlech den Ufank vun enger neier Kinoswoch. Wat alles nei am Kino uleeft, weess den Tom Dockal, deen eis déi nei Filmer am Programm virstellt.

06/11/2024 Nei am Kino 15h40

The Substance ass dee vläicht verrécktste Film aus der Kompetitioun zu Cannes dëst Joer. An dësem neie Film vum Coralie Fargeat hëllt de Personnage vum Demi Moore drastesch Mesuren, fir d'vergaange Jugend a virun allem de jonke Kierper zeréckzegewannen. D'Substanz, déi si dofir anhëlt, kloont hir Zellen a kloont eng jonk Versioun vun him. Mee déi Substanz huet och seng Reegelen. Reegelen, déi d'Elisabeth an de Klon Suen net esou ganz anhalen. Ass The Substance eng clever an nuancéiert Ofhandlung vum Traitement vum Fraekierper am komplett patriarchal duerchhierarchiséierten Hollywood. Vläicht, vläicht och net. Dës pech-schwaarz Bodyhorror-Komedie, déi am leschten Akt esou richteg mat vill Gusto, Degoût a Blut aushëllt, ass et derwäert, an engem volle Kinossall z'erliewen.

Apropos Blutt. Am Film Spirit in the Blood mécht sech e Grupp vu jonke Meedercher op d'Sich nom Mäerder vun enger Kolleegin. De Mäerder: e béise Geescht. Dobäi versichen se, hir eegen däischter Pouvoiren erbäizeruffen.

Vun der Mostra zu Venedeg kënnt den neie Film vum Emmanuel Mouret bei eis an de Kino. Trois amies ass eng Bezéiungskomedie, e Genre, an deem de Mouret eng wierklech eege Patt ausgeschafft huet. Hei versiche witzeg, mee touchant Personnagen, sech mat hiren emotionale Suergen ze versönen. Mam Camille Cottin, Sara Forestier an India Hair an den Haaptrollen, fir just d'Haaptprotagonistinnen ze nennen.

Am Louise Violet vum Eric Besnard geet et ëm eng Joffer am 19. Joerhonnert, déi an der franséischer Provënz versicht, d'Kanner ze scolariséieren. Da kënnt aus den USA e Chrëschtdags-Blockbuster mam Dwayne The Rock Johnson a mam Chris Evans. Red One heescht de Film, an deem de gekidnappte Kleeschen neess fonnt a Chrëschtdag domadder gerett muss ginn. Opgezunn ewéi e Marvel-Superheldefilm. Wien méi op indesch Action ewéi op Chrëschtdagsaction steet, dee kann sech 12 Gaun, de Bollywood-Film vun der Woch ginn.