Wann Typpen al a gro ginn, da gëtt gemengerhand d'Bild vum gudden ale Wäin ervirgekroomt. Bei Frae gëllt déi Floskel null. Ganz am Géigendeel. An zu Hollywood souwisou net. Dat muss dem Demi Moore hire Personnage am Film The Substance op eng richteg brutal Manéier erliewen. Fir The Substance hutt der all Interêt, Iech waarm unzedoen. Well The Substance huet et a sech. Wat et mat deem Film op sech huet a firwat deen elo als Film vun der Woch virgestallt gëtt, weess den Tom Dockal

091124 Film vun der Woch THE SUBSTANCE 13h40

Nodeems den Oscar-Gewënner keng Karriär um groussen Ecran kritt, lieft sid'Elizabeth vun enger erfollegräicher Fitness-Emissioun op der Telé, déi si presentéiert. Mee en Accident mécht deem e Stréch duerch d'Rechnung. Am Spidol gëtt e mysteriéisen Infirmier eng Käertchen. D'Substance wier d'Léisung. No éischtem Zécke léisst d'Elisabeth sech awer op d'Substanz an. Net nëmme regeneréieren sech dem Elisabeth hir Kierperzellen, ma si klonen se an een, zwee dräi ass aus hirem Kierper e Klon erausgeklommen. D'Sue ass eng jonk Versioun vum Elizabeth. An déi zwee Kierper kënnen ofwiesselnd am Wochentakt ko-existéieren. Dat ass d'Reegel. Mee hey, Reegelen, Schmeegelen... d'Elizabeth/Sue gëtt gäizeg a bleift och emol e puer Stonne méi laang am jonke Kierper. Wat, no surprise, fatal Suitte mat sech bréngt.

Genrekino an der Kompetitioun vu Cannes ass no der Gëllener Palm un Titane jo eng nei Norm an dem Coralie Fargeat hiren The Substance huet dëst Joer dee Slot gefëllt. An huet Androck hannerlooss, well d'Jury dem Film de Präis vum beschten Dréibuch ginn huet. The Substance ass null an der Nuance oder am subtille Regëster, mee flang dran a flashy. An efficace ewéi soss net vill an deem Genre vu Film. The Substance ass e rock'n'roll feministesche Bodyhorror-Film, deen de Spectateur beim Hals hëlt a festdréckt. A wann ee mengt, méi fest kéint een net méi drécken... dee kritt dann de leschten Akt vum Film zerwéiert. Elleng déi lescht 20 Minutte vum Film. Holy guacamoley. Dat MUSS an engem gutt gefëllte Kinossall mat Leit erlieft ginn. Mat der Tounanald up to 11 gedréint.

RTL

© MUBI

A matzen am Wansinn vun The Substance stinn zwou Actricen, déi dës gräisslech Techno-Oper vun de Surfacen op hire Schëlleren droen a sech hir total hierginn. D'Demi Moore an d'Margaret Qualley. D'Coralie Fargeat externaliséiert an iwwerspëtzt um Bockel vum Genre alles. Wat déi eng immens an déi aaner zudéiwst haasse wäerten. Mee en huet och seng lues Amenter - ewéi dem Elizabeth hir Schmink-Routine virun engem Date, déi onméiglech ze si schéngt, déi d'Angoisse vum Fra-Sinn genee esou gutt eriwwerbréngt, ewéi déi plastesch Gore-Amenter vum Film. Trotz senger Iwwerlängt ass The Substance e Kinosevenement, wat een sech net entgoe sollt. Wann der iech natierlech traut.