
© Samsa Film
Vum Hollywood-Blockbuster am antike Roum, engem lëtzebuergeschen Debutfilm zu enger Dramedie aus Thailand – déi nei Kinoswoch ass emol nees ganz breet opgeluecht. Wat fir Filmer sech dohannert verstoppen a wat soss nach alles nei an de Kinoen uleeft, weess den Tom Dockal.
De 86-Joer-jonke Realisateur Ridley Scott, deen ëmmer nees gäre Kostümsfilmer mécht, huet geduecht, allez hëpp, loosst eis eng Suite vu mengem Gladiator maachen. 24 Joer nom Original. Dem Paul Mescal als Lucius, deen hei d'Roll vum kléngen Neveu vum Joaquin Phoenix sengem Antagoniste-Personnage iwwerhëlt, geschitt usech dat nämmlecht ewéi dem Russell Crowe am Originalfilm. Ongeféier. Nodeems säin Doheem zerstéiert gëtt, muss hien als Gladiator an de Kollosseum anzetrieden. Natierlech ass de Lucius schwäiwëll an ass op Revanche aus. Are you entertained ass och hei nees d'Devise. Historesch soll et egal wat sinn, mee méi grouss a méi brutal, wann och mat manner emotionalem Interêt. Mam Denzel Washington, Pedro Pascal, Connie Nielsen a villen aneren an Niewerollen.
Mat Hors d'haleine realiséiert den Eric Lamhène säin éischte long-métrage, deen e mat senger Liewenspartner Rae Lyn Lee geschriwwen huet. Si ass och fir d'Kamera verantwortlech. D'Actrice Carla Juri klëmmt an dësem Drama an d'Roll vum Emma, dat sech no engem weideren Iwwergrëff säitens vun hirem Mann gezwonge gesäit, an e Fraenhaus ze goen. Si trëfft do op eng wëll zesummebruechte Grupp vu Fraen, deenen et änlech ergaangen ass, déi sech awer zesummen erëmfannen, an der Lutte, fir esou eppes ewéi Liewensfreed a Kraaft opzebauen. Wien déi lokal Filmschaafend am Ae behale wëll, dierft Hors d'haleine net verpassen. No Mariannengraben vum Eileen Byrne den zweeten Debutfilm bannent e puer Wochen.
Da kënnt nach aus Thailand d'Dramedie mam uuregen Numm How To Make Millions Before Grandma Dies versicht e jonke Mann un d'Ierwschaft vun der stierweskranker Groussmamm ze kommen, andeems hien sech ëm si këmmert. De gréisste Box-Office-Succès aus Thailand fir dëst Joer huet deen och soss an Asien a krut nawell fantastesch Kriticken. Och am Westen.
Vum Xavier Beauvois kënnt La vallée des fous an deem de Jean-Paul Rouve eng virtual reality Regatta ugeet. Doheem a sengem Gaart. Dräi Méint. Fir d'Midlife-Kriis z'iwwerstoen a mat senger Famill ze rekonnektéieren. De Claude Lelouch zerwéiert mat Finalement e Film mat Kad Merad an der Haaptroll an da kann een nach de franséischen Animatiounsfilm Angelo dans la forêt mystérieuse gesinn. Och an enger lëtzebuergescher Fassung.