
© Samsa Film
Direkt zwee lokal Debutfilmer hunn an deene leschten zwou Wochen d'Luucht vun de Kinossäll erbléckt. No Mariannengraben vum Eileen Byrne ass et dës Woch um Film Hors d'haleine vum Eric Lamhène. Den Tom Dockal presentéiert dëst Drama elo als Film vun der Woch.
Ausser Otem ass an dësem Film d'Haaptprotagonistin Emma. Firwat si schwéier ootme kann, keng Loft kritt, ass net direkt kloer. Mee d'Infirmière vum Spidol, déi d'Emma mam eis Spectateuren um Ufank vum Film kenneléiert, weess tëschent den Zeile vun de wéinege Wierder vun der Fra ze liesen. Doheem stëmmt eppes net an d'Emma wëll net zeréck. Zeréck Heem bei hire Mann. E puer Abléck méi spéit schellt d'Emma un enger Dier. Un der Dier vun engem Fraenhaus. An deem si ouni Weideres opgeholl gëtt. Déi introvertéiert Fra zitt sech Ufanks zeréck, mee lues a lues léisst si sech op hir Liewensetapp am Fraenhaus, zesumme mat de ganz ënnerschiddleche Bewunnerinnen an. Si ënnerscheeden sech immens an hiren Temperamenter, mee jidderee vun hinnen huet op déi eng oder aner Aart a Weis, Gewalt materliewt. Et geet drëms aus deem Lach erauszekommen an d'Chance z'ergräifen, Onofhängegkeet opzebauen an ze liewen.
Den Eric Lamhène huet sech fir Hors d'haleine als éischte long métrage als Realisateur alles anescht ewéi liichte Kascht ausgesicht. Mee wou d'Optioun fir Realisateur an d'Ko-Zenaristin Rae Lyn Lee opstoung, e Misärsporno ofzeliwweren, hunn si léiwer fir e kammerspill-aartegen traîté fir Solidaritéit ënner Fraen optéiert. Natierlech ass et e Film iwwer Fraen, deene Gewalt widderfuer ass, mee et ass virun allem awer e Film, ewéi dës Fraen mat dësen Erfarungen zesummen iwwerliewen a weiderliewen. D'Haaptactrice Carla Juri léisst sech op de Projet vollends an a mécht plazeweis nawell couragéis Choix'en am Spill. D'Grupp vu Schauspillerinnen si vun de Filmemaacher hannert der Kamera interessant gecast an et entschëllegt een déi geleeëntlech Didaktik, déi dat duerchaus gutt recherchéiert Dréibuch mat sech bréngt. De Film léisst sech heiansdo vläicht eng Grimmel ze vill Zäit fir den Developpement, mee déi Zeenen, déi wéi doe sollen, dinn et op alle Fall. Hors d'haleine ass en zolitte Film, dee mam Traitement vun engem wichtege Gesellschaftssujet punkte kann.