
© Tarantula
Déi nei Kinoswoch steet un an et ass eng fräi vu Blockbuster. Amplaz hunn sech eng ganz Rëtsch potenziell kléng Bijouen an d'Rei gestallt. Wat fir Filmer sech dohannert verstoppen, weess den Tom Dockal.
Den Donato Rotunno erzielt a sengem neien Documentaire mam schéinen Titel La fourchette à gauche d'Geschicht an den Impakt vum Curiel an der Escher Strooss. Vu senge kommunisteschen Originnen, dem Restaurant mam fantasteschen Iessen, allem dertëscht bis zum Ofrappen Ufank des Joers. E klasseschen Documentaire mat talking heads vläicht, deen awer vläicht méi iwwer Lëtzebuerg vun de leschte Joerzéngten erzielt, ewéi dat déi onscheinbar Façade zum Uschäi gëtt.
Dem Oppenheimer-Oscar-Gewënner Cillian Murphy säin neie Film ass Small Things Like These, e Film vum Belsch Tim Mielants, an deem hien en iresche Minnenaarbechter spillt. Enges Daags kritt hien däischter Secrete vun der kathoulescher Kierch mat, déi d'Stiedchen am Grëff huet. A muss sech dobäi mat senger eegener Vergaangenheet konfrontéieren. Wien Philomena gesinn huet, weess, dat d'Trauma an Irland an deem Kontext grouss ass.
De Film Tarika spillt sech an der bulgarescher Provënz of. Do liewen e Meedchen mam Papp a Groussmamm zesummen. D'Meedchen huet vun hirer Mamm Päiperlecksflilécken geierft, eng Ëmschreiwung vun enger Feelbildung vun der Wirbelsail. Wat am Duerf fir Diskussioune gesuergt huet, schonn ëmmer. Mee wa bis d'Béischter un enger mysteriéiser Krankheet frecken, kritt d'Angscht ganz aner Formen.
Soss nach am Programm: Kneecap, e scheinbar anarchistesche Musekerbiopic iwwer eng Hiphop-Trio aus Nordirland, wou déi tatsächlech Rapper fiktionaliséiert Versioune vun sech selwer spillen.
Dann gëtt et déi obligatoresch comédies françaises: dës Woch sinn dat Le panache mam José Garcia an On aurait du aller en Grèce mam Gérard Jugnot. Nächst Woch dann nees Filmer mam Clovis Cornillac oder mam Didier Bourdon. Et sinn ëmmer déi nämmlecht. Dann huet de Realisateur vun Nos batailles en neie Film mam Romain Duris gemaach. Une part manquante erzielt vun der Duris-Figur, déi als Taxi-Chauffer zu Tokyo op der Sich vun hirer Duechter ass. A fir déi ganz kléng gëtt et nach Weihnachten der Tiere an de Regionalkinoen vu Cinextdoor – e franséischen Animatiounsfilm an enger däitscher Versioun.