
© Tarantula
Da soll nach ee behaapten, Kino géif net duerch de Mo goen. Well wa La fourchette à gauche vum Donato Rotunno eppes beweise, dann ass et genau dat - kulturellt, politesch an associativt Engagement ginn duerch de Mo. Wat de Rotunno an d'Protagoniste vun dësem Documentaire vläicht domadder mengen, weess elo den Tom Dockal, deen eis La fourchette à gauche als Film vun der Woch virstellt.
Terra mia terra nostra, Io sto bene an elo La fourchette à gauche - dem Produzent a Filmemaacher Donato Rotunno seng Aarbecht dréit sech säit Laangem ëmmer nees emol iwwert d'Liewensentwërf vun emigréierten Italieener. Am Documentaire La fourchette à gauche mécht hien dat mat engem Portrait vum Curiel an der Escher Strooss. Eng vu baussen onscheinbar Façade, hannert där iwwer Joerzéngten aktiv politesch an associativ Integratioun bedriwwe ginn ass. A wou et déi warscheinlech beschte Saltimbocca vum Grand-Duché gouf.
Mat Mënschen aus Politik a Gesellschaft – vill Italieener, déi de Circolo Curiel opgebaut a bedriwwen hunn, mee och vill Net-Italieener – erzielt de Film Geschichten an Anekdoten an erzielt vum Spirit vun dësem Lieu, deen et haut esou net méi gëtt. Natierlech ass La fourchette à gauche d'Geschicht vun engem Lieu, mee et ass virun allem d'Geschicht vun enger Gestaltung vun engem Matenaner, déi vun deene gezeechent ginn ass, déi vu baussen an e friemt Land komm sinn. An et ass déi Gestaltung, déi politescht Erwäche provozéiert huet an e Gefill fir associatiivt Engagement. Dem Rotunno säin Documentaire ass ee vun talking heads bei deem d'Protagonisten an d'Protagonistinnen an Interviewsituatioune schwätzen, mee eng Rekonstruktioun vum Curiel léisst de Lieu, deen Ufank des Joer ofgerappt ginn ass, nees operwächen.

© Tarantula
Wann La fourchette à gauche sech fir eppes staark mécht, dann ass et de Wonsch, vläicht e verzweifelten Dram, de Geescht vum communautairen Zesummenhalt an der Associatioun an am Benevolat um Iwwerliewen ze halen. An Zäiten, wou d'Benevolat an d'Engagement an Associatioun am Réckzuch ass. La fourchette à gauche ass en zum Deel ganz beréierende Plaidoyer, deen engem, ganz niewebäi, fatzeg Appetit mécht.