
© A24
Esou kuerz virum éischten Advent schläichen sech dann och esou lues awer sécher Familljen- a Chrëschtdagsfilmer an de Kinosprogramm. Wat dat alles ass a wat soss nach uleeft, dat weess, ewéi gewinnt, den Tom Dockal.
Mee iert mer zu de Chrëschtdagsfilmer kommen... den Hugh Grant. Deen ass zwar och mat op mannst engem Chrëschtdagsfilm, engem Familljefilm an enger Abberzuel vu Libesfilm enk verbonnen, mee ganz sécher net mat sengem neie Film, Heretic. An dësem psychologeschen Thriller, engem perverse Kaz- a Maus-Spill léisst säi Personnage zwou jonk Zeugen-Jehovas-änlech Fraen an d'Haus a mécht hinnen d'Liewen an d'Iwwerliewen nawell schwéier. Soll originell sinn, vläicht net ganz opgoen – dofir gëtt den Hugh Grant alt nees an den Himmel gelueft.
Sou, elo awer. D'Aventure vum Vaiana – oder Moana -, enger moderner Disney-Heldin kritt déi obligatoresch Suite. Zesumme mam vum Dwayne Johnson ageschwatenen Maui, dem Pohunn an dem Schwäi muss si sech op eng nei Reess an d'déifste Gewässer vun Ozeanie woen. Anscheinend routinéierten Disney-Kascht fir d'Feierdeeg.
D'comédie française vun der Woch - version Chrëschtdag – heescht Les boules de Noël an huet de Kad Merad an enger Haaptroll.
Wie Chrëschtdag seet, seet Wanter, seet Schnéi. Den Animatiounsfilm vum Michel Hazanavicius La plus précieuse des marchandises spillt sech am polnesche wäisse Wanter... am zweete Weltkrich of. Eng aarm Koppel vun Holzfäller retten enges Daags e Puppelchen, dat aus engem Zuch gefall kënnt. Dir kënnt sécherlech eent an eent zesummerechnen. De Familljefilm vum Realisateur vun The Artist versicht sech an enger humanistescher Fabel, dee wierklech och fir déi Kléng gemënzt soll sinn.
Mat Führer und Verführer gëtt et dann nach en zweete Weltkrich Film an deem de Goebbels a säi leschte propagandistesche Coup am Zentrum sinn. Fir de Rescht huet den Utopia nach zwee Arthouse-Filmer. Den italieenesche Film Gloria! ass eng Zort feministeschen Dead Poet's Society am venezianeschen 18. Joerhonnert an am Film Sebastian geet e jonken Auteur de Wee vum Sexaarbechter fir Recherche vu sengem éischte Roman.