
© Noël Gauny
D'Kinosaktualitéit pauséiert bekanntlech net. D'lëtzebuerger Filmproduktiounen d'ailleurs och net. No zwou Fiktiounen ass vun haut un och en zweeten Documentaire bannent kierzter Zäit um groussen Ecran ze gesinn. Wat sech do derhannert verstoppt, a wat soss natierlech alles vun haut un nei an de Kinoen nei am Programm ass, weess den Tom Dockal.
Et ass d'Woch fir d'Frënn an d'Frëndinne vu Musicals. Well endlech kënnt d'Verfilmung vum Musical Wicked an de Kino. D'Geschicht vun den zwou Hexen, déi dem Dorothy aus dem Wizard of Oz d'Liewe schwéier maachen, respektiv zur Säit stinn. Mam Cynthia Erivo a mam Ariana Grande an den Haaptrollen. Vum Filmemaacher hannert In the Heights an e puer Step-Up Filmer. Geet iwweregens 2 Stonne 40 laang an ass den éischte vun zwee Deeler.
Nom Documentaire iwwert de Curiel geet et an Dany Cage – Histoire d'une émancipation vum François Baldassare ëm en anere Lieu an der Stad, deen et net méi gëtt. Den Documentaire erzielt mat Interviewen, Archivbiller a Reenactments aus der Geschicht vun Dany Cage Club, deen och nach haut d'Gemidder mat Legende fëllt.
Keng Musical-, mee Literaturadaptatioun ass Leurs enfants après eux. E Film vun de Bridder Boukherma, déi sech un de Goncourt-Gewënnertitel vum Nicolas Mathieu woen. Erzielt gëtt eng Epopée vu Jonken am franséische Grande-Est, just hannert der Grenz. Wien dem Carole Lorang seng Theateradaptatioun vum Roman am Escher Theater gesinn huet, weess, dat een sech op 90er Musek a vill coming-of-age fréeën kann.
Vu franséischer Säit ass nach En fanfare nei am Kino. Eng Dramedie mam Benjamin Lavernhe an der Roll vun engem Leukemie-kranken Dirigent, dee gewuer gëtt, dat hien adoptéiert ass an dat säi Brudder an enger Duerf-Fanfare spillt. Hien decidéiert, schwéierkrank, der Musek bei engem Concours ze hëllefen. Kléngt kitscheg, mee schéngt a Frankräich en Nerv ze treffen. Dann ass nach de georgesche Film Crossing ze gesinn an deem sech eng pensionéiert Joffer op d'Sich no hirer transgender Nièce op Istanbul mécht.
D'Bollywood-Frënn kréie Pushpa zerwéiert an den däitschen Animatiounsfilm Niko 3 – Reise zu den Polarlichtern pass ganz gutt fir déi Kléng zur Adventszäit.