An der Konscht geet een dacks ongekläerte Froen op de Fong. Op d'Sich no Äntwerten. Heiansdo kommen Äntwerten, heiansdo net. Am Film Crossing mécht sech d'Haaptprotagonistin och op d'Sich no Äntwerten, op d'Sich no enger Persoun. An zwar an d'tierkesch Haaptstad. Wat do alles op si lauert, weess den Tom Dockal, dee Crossing als Film vun der Woch virstellt.

071224 Film vun der Woch CROSSING 15h40 Nei

D'Lia ass eng pensionéiert Joffer an ass an den éischten Amenter vum Film mat eeschte Schrëtt an nach méi eeschter Mine um Wee fir anzwousch. Et stellt sech eraus, dat si op der Sich ass no hirer Niess. Vum Brudder vun engem ale Schüler kritt si eng Adress. Net an der georgescher Grenzregioun, an där de Film Crossing seng Dieren opmécht, mee an der tierkescher Haaptstad Istanbul.


D'Lia ass net weider amused, mee et schéngt de leschte Wonsch vun hirer Schwëster, der Mamm vun der Niess gewiescht ze sinn, iert si gestuerwen ass. Déi jonk Fra zeréck doheem ze hunn. Dobäi kann d'Niess awer hir Grënn gehat ze hunn, fir fortzegoen. Si ass nämlech eng Trans-Fra an d'Lia ass ganz kloer an der Usiicht, dat dat e grousse Probleem an der Famill tëscht hinnen all war. Mee d'Lia ass net ofzekréien. Zesumme mam Achi, dem Jonken, deen hir d'Adress ginn huet, mécht si sech op de Wee op Istanbul.


RTL

© MUBI


Crossing ass den neie Film vum schweedesche Realisateur Levan Akin mat georgeschen Originnen, dee virun enger Rëtsch Joer mat sengem And Then We Danced richteg op sech opmierksam gemaach huet. LGBTQ-Sujete sinn ëmmer d'Basis vu senge Filmer an dat ass och fir Crossing net anescht. Just erzielt Crossing aus dem point de vue vun deene Geschichten, déi dacks d'Antagonisten anhuelen. Ajo, a weist och aner point de vue'e vun Istanbul, wäit ewech vun touristesche Postkaarte-Motiven. De Passage aus dem Titel vum Film gëtt et op villen Niveauen. D'Transitiounsgeschicht, déi iwwer allem schwieft, natierlech, wann och net explizit, dofir awer de Passage mat der Fär an Istanbul an dann natierlech de Passage vun der Haaptprotagonistin Lia, de Passage, hire Wee no Akzeptanz an Erléisung. Et ass e ganz rouegen a klassesch erzielte Film, deen en Trio aus onopgereegt fantastesche Schauspiller huet. Virop d'Mzia Arabuli als Lia, déi mat hiren Aen an enger natierlech Autoritéit een a säi Bann zéie kann ewéi soss näischt. Crossing ass och e Film doriwwer ewéi dat Puer Aen an hire Bléck sech veränneren. E doucen a schéine Film vun engem Filmemaacher, deen et derwäert ass, am A ze behalen.