
© Focus Features
E potenziellen Oscar-Kandidat, e Superheldefilmer, Lord of the Rings, e Film vum Francis Ford Coppola, eng feministesch däischter Komedie an e klénge franséische Bijou. Dës Woch ass nu wierklech fir jiddereen eppes nei am Kino. Wat fir Filmer sech dohannert verstoppen, weess den Tom Dockal, deen eis déi elo kuerz virstellt.
Elo scho fir sechs Golden Globes nominéiert ass Conclave vum Edward Berger e seriöen Oscar-Kandidat. Den Numm ass Programm. Am Vatikan muss en neie Poopst gewielt ginn an dat geschitt bekanntlech wärend enger Konklav. De vum Ralph Fiennes gespillte Kardinol muss déi leeden, mee gesäit sech iergendwann am Zentrum vun enger Konspiratioun, déi d'kathoulesch Kierch an eng schwéier Kris ze stousse riskéiert.
De Francis Ford Coppola huet fir säi rezente Megalopolis seng Wäin-Dynastie op d'Spill gesat a scheinbar iwwer 100 Millioune vu sengen eegene Suen op den Dësch geklaakt. Fir den deiersten Independent-Film vun allen Zäiten, deen 99% vun de Spectateuren iwwerfuerdert, den Adam Driver an der Haaptroll huet, fuerchtbar kitscheg ass an awer iergendeppes huet a faszinéiere kann. Traut iech.
Vu Popcorn-Kino-Säit duerf een sech op Kraven the Hunter freeën. En x-te Versuch, Antagonistepersonnagen zu Helden ze maachen. Dat huet bis ewell net immens gutt geklappt. Hei muss elo den Aaron Taylor-Johnson als Kraven op Revanche goen.
De Peter Jackson kann iwwerdeems d'Patten net vu Middle Earth loossen an huet mat The Lord of the Rings: The War of the Rohirrim elo e Manga-Animatiounsfilm vun iwwer zwou Stonne produzéiert. Mat enger Geschicht op Basis vu Randnotize vum Tolkien senger Originaltrilogie.
E klénge franséische Bijou ass Vingt dieux, den Debutfilm vun der Realisatrice Louise Courvoisier, fir deen si d'Spectateuren an de Jura invitéiert. Do trëfft een op Jonker, déi nom Dout vum Papp sech gezwonge gesinn, Responsabilitéiten an de Bauerenhaff z'iwwerhuelen. Den Haaptpersonnage gesäit eng Chance, mam beschte Comté-Kéis sech a seng butzeg Schwëster finanziell iwwer Waasser ze halen.
Do dernieft realiséiert d'Noemie Merlant mat Les femmes au balcon eng däischter Komedie, an där sech en Trio vu Frae wärend enger Kanikül zu Marseille mat toxeschen Typpe ronderëmschloe muss.