
© Lionsgate
D'Godfather-Trilogie oder Apocalypse Now - dir kennt alleguerten op mannst déi Filmer vum groussen amerikanesche Filmemaacher Francis Ford Coppola. Ma de gudden Här ass haut Mëtt 80. Wat en awer net dovunner ofgehalen huet, en Deel vu senge Wéngerten ze verkafen an enorm Zommen u Sue selwer op den Dësch ze klaacke fir säin Häerzensprojet, deen een elo bei eis am Kino ka gesinn. Megalopolis heescht dëse Projet an den Tom Dockal stellt en eis als Film vun der Woch vir.
Den Adam Driver ass de Cesar Catalina, a charismateschen Architekt a Bauhär, deen eng Visioun huet fir d'Groussstad vun Nei Roum. Eng utopistesch an idealistesch Visoun vun enger Stad, déi zukunftsbestëmmend Weeër opmaache soll. Mee dem Catalina seng Visioun gëtt net vum Pouvoir gedeelt. De Buergermeeschter Franklyn Cicero wéilt gäre beim status quo bleiwen. An da gëtt et do nach de Claudio Pulcher, deen eng populistesch Revolutioun vun ënnen unziedele wëll. An dann ass do nach d'Duechter vum Buergermeeschter, déi tëscht dem Cesar an dem Cicero steet. Engersäits d'Duechter vun engem, anerersäits d'Léift vun deem aneren – d'Loyautéiten si schwéier kloer an oprecht z'erhalen. GZSZ an der New Yorker Highsociety quasi, déi hei presentéiert ewéi d'réimesch Räich kuerz virum definitive Fall.
De Francis Ford Coppola huet nu wierklech kengem Mënsch eppes ze beweisen. Wien seng Filmer vun de leschten 20 Joer gesinn huet, weess, wat ech mengen. Hie mécht just nach wat hie wëll. Seng Spectateure bei der Hand huelen ass him dobäi genee esou friem, ewéi op Sue vu Produzenten ze waarden. Nu ass et esou, dat de Coppola säin 30-Joer alen Häerzensprojet einfach quasi selwer finanzéiert huet. Megalopolis ass anscheinend den deiersten Independent-Film vun der Kinosgeschicht. Huet et sech gelount? Jo. Ass et e gudde Film? Keng Anung. Soll ee Megalopolis gesinn hunn? Op mannst eemol? Op alle Fall.

© Lionsgate
Ëm wat et wierklech bei Megalopolis geet, ass nu wierklech net ëmmer nozevollzéien. Well de Coppola drop hiweisen, dat den empire américain virum Bankrott steet a benotzt d'Réimesch Räich dofir oder ass dat ganzt awer just eng retrograd Al-Häre-Fantasie. Dat sech bei Megalopolis usech alles ëm de Coppola selwer dréit ass dobäi dat eenzegt wat kloer ze si schéngt. Haarsträubend, sauwitzeg, mega cringe, beréierend, fuerchtbar langweileg – all déi Adjektive kann een dem Film entgéint geheien. Et ass engersäits de Film vun engem iwwer 80-Järegen, deem et egal ass, de Moment verpasst ze hunn, opzehalen – wat gläichzäiteg fuerchtbar egoman a selbstlos ass -, dobäi awer och en duerchaus iwwerluedene Film liwwert, dee genee esou och e jonke Filmspunt gemaach hätt. Aus Angscht, souwisou ni méi en nächste Film kënnen ze maachen. Megalopolis ass e megalomanen Ovni vun engem Film, deen een absolut net muss gutt fannen, mee eleng d'Existenz vun esou eppes – virop an der zäitgenëssescher amerikanescher Filmlandschaft - ass schon e Bléck derwäert.