
© Pyramide Films
Och eng Woch virun de Feierdeeg proposéieren d'Kinosprogrammateuren eng Abberzuel un neie Filmer an de Säll. Dorënner och e Sequel vun engem Remake vun engem modernen Animatiounsfilmklassiker. Kléngt eng Grimmel komplizéiert – ass et awer usech net. Den Tom Dockal bréngt Uerdnung a stellt eis déi nei Filmer vir.
Disney mécht sech d'Affär ronderëm d'Feierdeeg dëst Joer alt nees eng Grimmel einfach a proposéiert mat Mufasa: The Lion King eng Suite zum Lion King live action Remake vu virun e puer Joer. Also net gezeechent, mee mat CGI Déieren. Erzielt gëtt d'Virgeschicht vum Mufasa, dem béise Monni vum Simba. Eng Erzielstonn vum Af Rafiki un d'Kanner vum Simba a vum Nala. Mol kucken, Kriticke sinn nach keng eraus. Mee interessant, dat de Barry Jenkins, Realisateur vum Oscar-iséierte Moonlight sech fir dëse Film an de Registull gesat huet.
Mir bleiwe bei Jonken. Young Hearts ass e belschen, flammännesche Film. Et geet ëm e 14-Järegen, deen sech a sengem Duerf als Aussenseiter ufillt. Mat der Renconter vum neien Noper gëtt hie mat senger opbléiender Sexualitéit konfrontéiert. Vun der bande-annonce hir gëtt de Film sech als de méi explizite klénge Brudder vum Lucas Dhont Film Close.
Zu Cannes am Certain Regard ofgerappt an och elo ganz rezent de Schauspillpräis beim Europäesche Filmpräis mat Heem geholl. De Film L'histoire de Souleymane léisst bei de Fransouse vun sech schwätzen. Et ass d'Geschicht vum Iesslivreur Souleymane, dee während sengem Alldag an de Paräisser Stroossen tëscht Dieren a Colisen seng Liewensgeschicht anübt. Well an zwee Deeg gëtt hie gehéiert wéinst senger Asyldemande. Fir seng Pobeieren an d'Rei ze kréien. Den 90 Minutte kuerze Film schléit mat enger réier Authentizitéit zou, déi komplett fräi vu Sentimentalitéit vun engem Schlag Mënsch erzielt, um Bord vun der Gesellschaft.
Apropos Sentimentalitéit. Everbody Loves Touda ass den neie Film vum Nabyl Ayouch an deem eng Sängerin versicht, Unerkennung fir hir Gesangskënscht ze kréien. Mee si muss a Spelunke sangen, fir hiren daf-stomme Fils ze suergen.
Da gëtt et nach den traditionell Komedie-Kascht vun eisen Noperen. Engersäits Jamais sans mon psy mam Christian Clavier, wou e Patient mat der Duechter vum Psy mat freien ufänkt. Anerersäits Un Noël en famille mam Didier Bourdon, wou eng Famill chaotesch Feierdeeg verbréngt. Dee leeft an de Regionalkinoe vu Cinextdoor. De Sönke Wortmann liwwert Der Spitzname of, den drëtten Deel vun enger scheinbar däischterer Komedie ronderëm däitsch Bourgeoisen. An dann ass de Khrëschtdagskascht op däitsch den Animatiounsfilm Die Heinzels 2: Neue Mützen, neue Mission. Och dee Film, just bei Cinextdoor.