
© Focus Features
Esou virun de Feierdeeg gëtt et näischt méi Passendes, ewéi seng Gedanken un de kathoulesche Glawen ronderëm d'Gebuert vum Chrëschtkëndchen ze dréien. Dëse Glawen ass awer och een institutionaliséierten. Ëm de Choix vum Chef vun dëser Institutioun geet et am Film Conclave, deen den Tom Dockal eis elo als Film vun der Woch virstellt.
Eng Konklav gëtt ëmmer dann aberuff, wann de Poopst, den aktuelle Chef vun der kathoulescher Kierch, de Läffel ofgëtt, an d'Gras bäisst, sengem Schëpfer entgéint steet. Da muss een neie Geeschtlechen zum Poopst gewielt ginn. Dofir gëtt eng Konklav aberuff. Da reese Kardinäl aus allen Häre Länner an de Vatikan, spären sech an a wielen. Iergendwann ass dann ee gewielt, wäissen Damp gëtt duerch de Kamäi gejot an deen neie Poopst kann dann op Lëtzebuerg reesen an an der Ënneschtgaass an en Hipstercafé goen, a sech do en Espresso fir näischt ginn.
De vum Ralph Fiennes gespillte Father Lawrence gëtt nom Dout vum Poopst, deen him no stoung, domadder beoptraagt, d'Konklav anzeberuffen an ze leeden. D'Preparative si amgaangen, d'Kardinäl kommen un, alles leeft ewéi et soll, mee dann... da steet de Lawrence virun enger schwéierer Situatioun, enger potenziell héichexplosiver Situatioun, déi de Lawrence net huet komme gesinn an déi den Dan Brown och nach ni esou zu Blat bruecht huet. Well d'Zukunft vun der kathoulescher Kierch steet op eemol um Spill.

© Focus Features
Conclave ass den neie Film vum gebiertegen däitsche Filmemaacher Edward Berger, dee virun zwee Joer mat senger Neiverfilmung vun Im Westen Nichts Neues esouguer bei den Oscaren ofgerappt huet. Conclave riskéiert och nächst Joer bei deenen nees matzespillen. De Film gëtt elo schonn als Favoritt gehandelt. De Ralph Fiennes kéint fir seng Roll als Lawrence wierklech dëse Präis wannnen. Conclave als Film gëtt sech schwéier méi, ewéi en Oscar-Prestige-Film eriwwer ze kommen. Schéin Sets, zum Deel wonnerschéin cadréiert an e soi-disant erwuessene Sujet. Soi-disant, well Conclave och just nëmme versicht – ewéi seng literaresch Virlag – hannert zoue Maueren ze kucken a kritt domadder direkt esou e voyeuristesch konspirative Charakter. Schlussendlech kuckt sech de Film, ewéi sech esou e Buchthriller vum Dan Brown, deen een um Flughafen an der Papeterie keeft. Ganz liichte Kascht, dee seriöes undeit, voller Revirementer, déi méi oder manner platt sinn, mat als Kiischt um Kuch engem themateschen Iwwerbau, deen d'Welt souwisou beschäftegt. Et ass alles net ganz subtil, usech och e bëssi trashy, mee hey, et ass wierklech sauënnerhalsam, heiansdo och spannend a wann een de Ralph Fiennes esou motivéiert a gutt dran huet, da kann een sech dat schonns duerchaus ginn.