
© Focus Features
Feierdeeg oder net – de Kinosprogramm mécht keng Paus. Vläicht kënnt e Kinosbesuch tëscht dem ganze Genamms mat der Famill jo ganz geleeën. Déi lescht nei Filmwoch vum Joer ass zwar iwwersiichtlech, mee weess 2024 eventuell éierbar op en Enn ze bréngen. Wat alles frësch uleeft, weess den Tom Dockal, deen eis déi nei Filmer elo virstellt.
De Murnau, de Werner Herzog an elo de Robert Eggers, Realisateur vun The Witch an The Lighthouse. Obsessioun mam Grof Orlok ass esou al ewéi de Kino selwer, wéi et schéngt. An dat sech den Amerikaner Eggers no senge viireschte Film un dës ural Horror-Matière géif eruwoe war d'Reaktioun eigentlech „Jo, natierlech. Mécht Sënn“. Dës gotesch Horrorgeschicht, déi usech eng ass vun engem verléiwte Bluttsuckler zu enger wonnerschéiner Fra ass eng vu bluddeger Obsessioun a ganz vill Däischtert. Mam Bill Skarsgard, dem Pennywise aus de rezenten It-Filmer, als Orlok a soss nach mam Lily-Rose Depp, Nicholas Hoult an dem Willem Dafoe, natierlech, am Casting vun dëser Neiinterpretatioun vum Stoff. Eppes ass sécher, a wéi ëmmer beim Eggers, wäert dat Ganzt fantastesch ausgesinn.
En anere modernen Ästhet ass de Portugis Miguel Gomes. De ganz eegenen Auteur, deen seng Nummer grad esou konsequent duerchzitt ewéi den Eggers, ass fir Grand Tour ouni Plang an Dréibuch, mat senger Ekipp an Asie gereest, fir e Film ze dréien. Grand Tour ass iergendwou tëscht dem Chris Marker sengem Sans soleil an engem naturalistesche Wes Anderson erëmzefannen. Eng Invitatioun vum exzentresche Portugies, wou een enger Fra an hirer Sichaktioun duerch Burma a Singapur vun 1917 mécht, op der Sich no hirem Fiancé, engem britteschen Diplomat, dee mat enger Hochzäit um Horizont Panik krut a sech duerch d'Bascht gemaach huet.
Apropos verluere Männer. Ma och am Film Shambhala, deen sech am Nepal ofspillt, muss ech eng frësch bestuete Fra, och d'Haaptprotagonistin vum Film, op d'Sich no hirem éischte Mann maachen. Duerch déi geféierlech a gläichzäiteg wonnerschéin Himalaya-Regioun.
D'Sonic, the Hedgehog Videospiller-Filmadaptatioun hat alles anescht ewéi e villverspriechende Start, ma de Sequel vu virun zwee Joer war numol besser. An et gëtt éischt Echoen, déi behaapten, den neien, drëtte Volet wier och net esou iwwel. De bloe Sonic a seng CGI-Kumpanen mussen sech op alle Fall am neie Film géint e vum Keanu Reeves geschwatenen Béise Shadow entgéint stellen. An de Jim Carrey huet carrement zwou Rollen elo. Also kann de Film just duebelt esou witzeg sinn. Mathematesch Reegele sinn heiansdo einfach ze verstoen.