
© Focus Features
Et gëtt näischt méi Besënnleches ewéi eng schéi Grujelgeschicht fir tëscht de Feierdeeg. Am beschten ass et awer, wann een esou eng Geschicht am Kino an net am richtege Liewen untrëfft. Nosferatu wier esou eng Geschicht, déi säit e puer Deeg an de Kinoen uechtert hiert Onwiesen dreift. Den Tom Dockal huet Nosferatu gesinn a presentéiert en als Film vun der Woch.
Nosferatu ass eigentlech d'Dracula-Geschicht vum Bram Stoker. Jidderee kennt se oder huet vun hir héieren, huet bestëmmt deen een oder deen anere Film gesinn a vläicht esouguer d'Buch vum Stoker gelies. Nosferatu vum Robert Eggers ass also eng weider Verfilmung vun deem Stoff, dann awer och nach e Remake vum Murnau sengem Nosferatu vu virun iwwer 100 Joer, deemools mam Max Schreck an der Haaptroll. Iergendwou eng logesch Suite vum Robert Eggers sengem Wierk, dem Realisateur vun The Witch, The Lighthouse an The Northman. Jo, natierlech , attackéiert hien dës Geschicht, déi esou al ass ewéi de Kino selwer.

© Focus Features
Nosferatu ass d'Geschicht vum Grof Orlok, deen den Immobilienagent Hutter bei sech an Transsylvanien invitéiert. Hie well sech en Haus an Däitschland kafen, no um Hutter a senger Fra Ellen. Iergendwann versteet esouguer den Hutter, wat sech hannert dem Orlok verstoppt, mee dann ass et usech schonn ze spéit. Den Orlok, de Vampir Nosferatu mécht sech op de Wee fir a seng nei Heemecht. Seng vampiristesch Besoinen dreiwen hie bei d'Ellen, dat iwwerdeems doheem Krise mécht an als hysteeresch Maniaque ofgestempelt gëtt.

© Focus Features
Eppes muss een dem Robert Eggers loossen: hie weess ewéi Filmer, seng Filmer auszegesinn hunn. An et ass e Genoss ze gesinn, ewéi seng Filmer sech an d'Archaik vu senge Welte wälzt. Säin 19. Joerhonnert ass fräi vun all Notioun vu Romantik. Däischter, gro op gro, duerch an duerch grujeleg. Säi Gefill fir Detail geet och eriwwer a säin Dréibuch. Dem Eggers säin Nosferatu huet esouguer e Schnutz, well och dem Bram Stoker säin Dracula e Schnutz hat. De Filmer ass 2 Stonne 15 laang, eng ¾ Stonn méi laang ewéi dem Murnau säi Film – wat dem Eggers natierlech méi Zäit gëtt fir d'Personnagen auszeschaffen, mee et ass do wou dem Amerikaner seng Detailverléiftheet op hir Grenze kënnt. En ass esou drop beduecht, senger Welt an dem Buch penibelst genau an trei ze bleiwen, dat eppes dobäi verflitt. Et huet alles eppes vun enger bluttaarmer nature morte. Wat natierlech bei de Bluttsuckler passt, an awer. D'Lily Rose Depp gëtt fir hir Prestatioun vun alle Säiten ugegraff, mee si ass net de Probleem. Mee en fin de compte ass et ëmmer eng affaire de goût. Déi eng stinn op déi eng Bluttgrupp, déi aner op eng aner. Ech hu mer soe gelooss, AB+ wier nawell appetitlech. Onofhängeg vun allem huet ee mat Nosferatu awer eng Propositioun am Kino grad, déi esou vun Hollywood eenzegaarteg ass. Well wann den Eggers eppes ze maache weess, an ech widderhuele mech – kee mécht haut zu Hollywood Filmer, déi esou ausgesinn.