Dat dat neit Joer mat enger neier Kinoswoch ugeet, well usech just nëmmen heeschen, dat een einfach mat engem Filmbesuch starte soll. Wat alles nei op de groussen Ecranen ze gesinn ass, weess och am neie Joer den Tom Dockal.

010125 Nei am Kino 15h40

Wéi wier et, d'Joer mat e bëssi Pinschen am Kino ze starten. Dat versprécht nämlech We Live in Time vum John Crowley. Enger brittescher Rom-Com mat ganze schéine Schauspiller a Schauspillerinnen. Mam Florence Pugh a mam Andrew Garfield, fir ganz genau ze sinn. De Film erzielt op eng net-linear Aart a Weis vun der Léift tëscht de Personnage hannert deenen zwee Spiller, déi sech iwwer e Joerzéngt erstreckt. De Film gouf als éischt dank engem Karussellpäerd op der Affiche ge-meme'd, iert e sengem Publique naass Aen verpasst huet.

Nom Kuerzfilm Dog 2001 an dem Documentaire Cow virun 3 Joer huet d'Andrea Arnold elo e Film mam Numm Bird realiséiert. Et ass e Film iwwert d'Liewe vum Bailey, engem jonker 12-Järeger, déi sech am soziale Brennpunkt vu Kent duerch d'Liewe schléit. De Papp huet net alt ze vill Zäit, ma d'Pubertéit schléit zou an d'Bailey kritt se voll mat. D'Actrice hannert dëser Figur soll eng Revelatioun sinn. Soss nach an dësem kitchen sink drama, dat ënnert der Regie vum Andrea Arnold anescht ass, ewéi soss englesche Sozialkino: de Barry Keoghan an de Franz Rogowski.

Eng gutt Iwwerraschung sollt déi schwaarz Komedie Un ours dans le Jura vum Franck Dubosc sinn. Den Dubosc an d'Laure Calamy sinn eng bestuete Koppel, deenen hiert Liewen am Jura seng roueg Bunnen zitt. Bis dat enges Dags e Bier aus dem Näischt virun hiren Auto spréngt an zwee Drogendealer dobäi ëm d'Liewe kommen. An zwou Milliounen Euro hannerloossen. Déi zwee onscheinbar Personnage decidéieren, d'Suen ze halen. Séier pecht hinnen awer e Flic am Réck. Dëse Flic: de Benoît Poelvoorde.

An da gëtt et nach déi däitsch Bezéiungskomedie Feste & Freunde – Ein Hoch auf uns! Apropos Ein Hoch auf uns! Ech wënschen Iech alles Guddes am neie Kinosjoer! An elo vive an de Kino mat Iech.