Eng verhältnisméisseg iwwersiichtlech nei Kinoswoch kënnegt sech un. Mee déi objektiv wéineg nei Filmer, déi vun haut un nei ze gesi sinn, sinn op kee Fall vun der Hand ze weisen. Den Tom Dockal huet den Iwwerbléck a stellt eis se vir.

080125 Nei am Kino 15h40

No iwwer 40 Joer am Filmgeschäft ass et am Hierscht endlech geschitt. De spuenesche Filmemaacher Pedro Almodovar huet zu Venedeg déi éischte Kéier den Haaptpräis vun engem europäesche Filmfestival gewonnen. An dat mat sengem éischte long métrage an englescher Sprooch, The Room Next Door. E Film, deen zwou grouss Actricen an niewebäi gesot, Ikone vun der LGBTQ-Communautéit am Cast huet. D'Tilda Swinton an d'Julianne Moore spillen zwou al Frëndinnen, déi wéinst trauregen Ëmstänn neess zesummefannen. Eng vun hinnen huet Kriibs. Existenziell Ängscht, e bëssi James Joyce, emotional Schied, d'Tilda Swinton als kranken David Bowie Verschnëtt an d'Julianne Moore an déif rouder Tenue. De Pedro weess, wat ee wëll gesinn.

Alles anescht ewéi en Auteurfilm huet Den of Thieves mat ë.a. dem Gerald Butler an der Haaptroll en onverhoffte Fan gehat. Den däitschen Auteur Christian Petzold huet den Actioner vun 2018 richteg gefeiert. Wat duerchaus witzeg ass an iwwerrascht, wann een dem Petzold säi rouegen, zerebrale Kino kennt. Ma elo duerf een sech mam däitsche Filmemaacher freeën – well Den of Thieves 2: Pantera ass do. Dës Kéier verschléit et de Flic Butler an Europa, fir do eng braque op eng Bank ze verhënneren. Mee d'italieenesch Mafia mëscht sech an. Heat vum Michael Mann, mee komplett op driwwer Energy-Drinks vun Ärem Choix.

Ofschléissend gëtt et awer nach e franséischen Debutfilm vun enger Realisatrice an Zeenaristin, deen als contrepoint zur Gerald Butler'schen Testosteronbonanza gëlle kann. La fille d'un grand amour vum Agnès de Salcy erzielt vun enger jonker Fra, déi fir hir Filmschoul en Documentaire ze réaliséieren huet an decidéiert dofir, hir Elteren ze filmen an no der Renconter mat deem aaneren ze froen. Just, d'Eltere si scho laang net méi zesummen. E Film am Film ass ëmmer wëllkomm an egal, wat d'Bemol vun dësem éischte Film solle sinn – de François Damiens an d'Isabelle Carré sollen immens gutt zesumme funktionéieren.