
© A24
Old-School romantesch Filmer hunn sech déi leschte Joer méi rar gemaach um Kinosecran. Déi fënnt een elo op de Streamingdéngschter. We Live A Time ass awer esou e Film an eng erfrëschend Iwwerraschung am Kinosprogramm. Den Tom Dockal presentéiert dëse Film mam Andrew Garfield a mam Florence Pugh an den Haaptrollen als Film vun der Woch.
Boy meets girl. Et ass esou al ewéi d'Zäitgeschicht. An We Live In Time ass déi Formule eng Grimmel méi lëschteg deklinéiert. Girl hits boy. Iwwerrennt boy. Den Tobias muss Scheedungspabeieren ënnerschreiwen, huet awer kee Bic, mécht sech am Buedmantel op de Wee, fir een ze kafen. Léisst en awer dann an der Strooss falen a gëtt ugestouss. Am Spidol kristalliséiert sech eraus, dat d'Almut hien ugestouss huet. Schnëtt, den Tobias an d'Almut sëtzen nees bei engem Dokter, gesinn anescht aus, hie virun allem gesäit net méi ramponéiert aus. Dofir kritt d'Almut matgedeelt, dat e Kriibs zeréckkomm ass. Deenen zwee Mënschen hiert Liewen, elo och mat engem jonke Meedche verbonnen, ass elo nees op de Kapp gestallt.
Ech hunn Iech op dëser Plaz elo de Film net vu vir bis hanne verspoilt. Et ass an der DNA vum John Crowley sengem neie Film, an dat Zäit hin an hir ze sprangen. Net just Réckblenden sinn Deel vu We Live In Time, mee och Spréng no vir, bei deenen sech de Spectateur e bëssi zurechtzefannen huet, ouni direkt d'Schlëssele vun der Erzielung am Grapp ze haalen. Wat kléngt ewéi heavy Kascht ass eng gros awer eng Dramedie Rom-Com, wéi een se soss reegelméisseg um Kinosecran gesinn huet. De Realisateur vu Brooklyn geet mat enger roueger Hand un dës Matière, déi zu kengem Zäitpunkt – trotz de Spréng an der Geschicht no vir an no hannen – d'Rad nei erfanne wëll. Mam Andrew Garfield a mam Florence Pugh an den Haaptrollen huet hien awer en effektive Plus am Casting, déi an hirem Zesummespillt stonnelaang nozekucken wieren.

© A24
Vum Geste ass et e schéint an éierlecht romantescht Drama, dat mat enger Einfachheet vu kléngen Amenter a grousse Gefiller erzielt. Et wäert garantéiert Leit ginn, déi op esou eppes allergesch reagéiere wäerten, mee hey, sech am Kino am kale Januar waarm alulle loosse vu schéine Leit, déi mat hirer Léift dem Dout trotze wëllen, wou een eventuell eng oder zwou Tréine verléiert... ech ka mir absolut méi schlecht Zenarie virstellen.