
© A24
Nodeems lescht Woch eng méi roueg war, ass dës nei Kinoswoch awer nees ganz gutt gefëllt. D'Nicole Kidman ass e Babygirl anscheinend, dann deet et richteg wéi, an engem Film mam Numm Sing Sing gëtt net gesongen an de Wollefsmann taucht op. Wat sech do derhannert alles verstoppt, weess den Tom Dockal, deen eis déi nei Kinoswoch elo kuerz virstellt.
Den Jesse Eisenberg inzenéiert mat A Real Pain säin zweete long métrage, an deem hien zwee Cousinen op e road trip a Polen lassléisst. D'Boma vun deenen zwee jiddesche Männer – gespillt vum Eisenberg a vom Kieran Culkin – ass gestuerwen an si hunn decidéiert, zesummen hiert Kandheetshaus ze besichen. A schreiwen sech fir eng Shoah-Tour inklusiv KZ-Besuch an. Eng ganz beréierend Dramedie, déi trotz Indie-Kino quirks iwwerraschend gutt ass.
Fir Babygirl begéinen sech d'Nicole Kidman an den Harris Dickinson virun der Kamera vum Halina Reijn. An deem spillt d'Kidman eng chef d'entreprise, déi Karriär a Famill riskéiert, ewéi si eng Affär mat hirem vill méi jonke Stagiaire ufänkt. An dobäi ass dem Kidman hire Mann vum Antonio Banderas gespillt. D'Halina Reijn huet mat just zwee Filmer, déi ëmmer op der Grenz vun Zeitgeescht-Sujete kokettéieren, vill vun sech schwätze gedoen. Déi hollännesch Filmemaacherin gëtt héich gehandelt an d'Kidman gëtt gefeiert fir hir Roll an dësem Film.
Eng änlech Geschicht huet Un triomphe vum Emmanuel Courcol mam Kad Merad schon erzielt. Ma se huet sech och am Sing Sing Prisong an den USA widderholl. Based on a true story anscheinend, erzielt dëse Film mam Colman Domingo an der Haaptroll d'Geschicht vu Prisonéier, déi eng Luucht um Horizont gesinn, wann se bis ufänken an engem Theatergrupp Shakespeare ze spillen. Kléngt iergendwéi kitscheg, mee kritt wierklech saugutt Kriticken.
An da gëtt et e Remake vum Horrorfilm aus den 1940er Wolf Man an am indeschen Telugu-Blockbuster Game Changer kritt een de Ram Charan, bekannt aus RRR, direkt an enger Duebelroll ze gesinn. Zwee zum Präis vun engem Film mat engem Iwwerlängt-Oppräis. En dauert just 2 Stonne 45.