
© Searchlight Pictures
Et ass ee frou mat der eegener Famill, mee dacks sinn engem dës Leit, déi een dagdeeglech ronderëm sech huet, méi friem, ewéi iergendeen Onbekannten an der Strooss. Am Film A Real Pain versichen zwee Kosengen, ze reconnectéieren. A maachen dofir en Trip an Europa. Mee kee Sauf- a Partytrip, ewéi een dat kéint denken. Den Tom Dockal stellt eis elo A Real Pain als Film vun der Woch vir.
Déi zwee Kosenge sinn den David an de Benji. Gespillt vum Jesse Eisenberg a vum Kieran Culkin. Déi zwee treffen sech op engem Flughafen an den USA. Ma iert si sech begéinen, léiere mer si bannent wéinegen Amenter. Deen een hannerléisst deem aneren um Wee fir bei de Flughafe permanent Sproochnoriichten, fir Updates ze ginn zwecks senger Arrivée um Flughafen. Deen aneren, sou stellt sech iergendwann eraus, ass scho säit Stonnen do, well e gäre Lei observéiert. Sou si se, den David an de Benji. Grondverschidde Personnagen, mee Famill. A mir wëssen, wéi dat ass, mat der Famill. Et ass ewéi d'Kierch. Béides sicht een sech net aus. Ma déi zwee versichen, trotz hiren Differenzen a Polen ze reesen. A Polen, fir do der kierzlechst verstuerwener Boma hiert Kandheetshaus ze besichen. A kombinéieren dat mat enger organiséierter Holocaust-Tour, KZ-Besuch inklusiv. Wat gemittlech an edukativ ufänkt, gëtt vun alen Tensiounen iwwerschiet.
A Real Pain ass dem Jesse Eisenberg seng zweet eege Realisatioun nieft senger Schauspillerei. A realiséiert e wierkleche klénge Bijou vun engem amerikaneschen Indie-Film. Trotz de Klischeeën, déi esou e Worf mat sech bréngt an iwwerhëlt. Eng bromance, Verloscht, road trip – et ass usech ewéi aus dem Billerbuch. Mee dem Jesse Eisenberg seng Ofhandlung vun de ganz nozevollzéiende Probleemer an Tensiounen tëscht den zwee Kosengen, mat der jiddescher Familljegeschicht am Hannergrond mécht lues awer sécher Sënn a gëtt iergendwann immens beréierend a staark. An dobäi spillen den Jesse Eisenberg – The Social Network - an de Kieran Culkin – bekannt aus Succession – net weider anescht ewéi soss. Mee och hei benotzt de Filmemaacher den „entre guillemets“ Kliische zu sengem Virdeel. A Real Pain ass eng kléng Dramedie am allerbeschte Sënn vum Wuert, éierlech, witzeg, traureg, déi sech hire Limite wuel bewosst ass, déi awer grad dowéinster immens beréiere kann. Mech huet de Film beréiert. Vläicht beréiert en och iech. A maacht och en Trip mat äre Kosenge a Familljememberen, déi iech friem ze si schéngen.