Et ass Mëttwoch a mam Mëttwoch geet bekanntlech eng nei Kinoswoch bei eis un. Eng mam Robbie Williams als Af, enger Bidde mam Däiwel a mam David Lynch. Wat alles nei uleeft, weess den Tom Dockal, deen eis elo de point vun den neie Filmer mécht.

22/01/2025 Nei am Kino 15h40

Mat der Tagline Fame Makes Monkeys of All of Us geet et a Better Man eran. E weidere Museker-Biopic. An zwar vum Robbie Williams. Jo, de Rock DJ, Take That-Robbie Williams. De Film erzielt vu senger Kandheet, vu sengem Wee an de Pophimmel vun den 90er an 2000er a vu sengen Drogenexzesser. Vu et connu géif ee mengen. Mee... an der Roll vum Robbie Williams ass... haalt Iech un... e computeraniméierten Af.

Vun Afen bei d'Däiwelen. Am éisträichesche Film Des Teufels Bad brécht am 16. Joerhonnert eng gleeweg Fra lues a lues un den Erwaardungen an dem Liewen, mat deem si konfrontéiert ass. Wien Mëttelalter rezent vum Ridley Scott a vum Robert Eggers kënnt, kritt an dësem intensive Film vum Veronika Franz a vum Severin Fiala eng aner Propositioun dohinner gehalen. D'Liewen am 16., no fun, esouvill ass kloer.

Franséische Kino proposéiert mat Le dossier Maldoror en Thriller vum Fabrice Du Welz, an deem e Flic sech iergendwann selwer op d'Sich vun engem Sexualverbriecher mécht, ewéi de System hie fale léisst. An am Film Jane Austen a gâché ma vie gesäit sech eng jonk Auteurin an amouréisen Geschichte verluer, déi wéi a Janes Austen Geschichten kéinte sinn.

Den David Lynch ass gestuerwen an d'Programmateure ware schwéier op zack. Vum Weekend un a bis Enn des Mounts kommen dräi Lynch-Filmer, Lost Highway, Blue Velvet an Mulholland Drive nees an de Kino. Genee ewéi eng restauréiert Versioun vum David Fincher sengem Se7en. Am Programm vu Cinextdoor ass e wierklech interessanten Documentaire iwwert d'Leni Riefenstahl ze gesinn. Die drei ??? und der Karpatenhund ass en neie Krimi vun de berüümten däitschen Detektiven am Kino. D'Frënn vum indesche Kino duerfen sech op Sky Force freeën an dann huet de Mel Gibson den Actionfilm Flight Risk mam Mark Wahlberg realiséiert. Et ass eng chargéiert Kinoswoch. A lass.