
© Filmladen
Fir de Film vun der Woch geet et dës Kéier an en ofgeleeënt Éisträich vum 18. Joerhonnert. Bei eng jonk Fra, déi sech mam Liewen do an an där Gesellschaft schwéier deet. De Film heescht Des Teufels Bad an den Tom Dockal weess méi.
Éisträichesche Kino. Et ass ëmmer nees eng Freed. Dëse Film fänkt domadder un, dat eng Fra mat eidelem Bléck e Puppelchen e Waasserfall erofgehäit a sech da stellt an higeriicht gëtt. No deene liicht opreiwenden éischte Minutte vum Film léiert een d'Agnes kennen. Déi vun der Musekerin Anja Plaschg gespillter Frau bestit sech direkt am Ufank mam Wolf – gespillt vum David 'Influencer Dave' Scheid. Déi schwéier gleeweg Fra freet sech iwwert hir neit Liewenskapitel. Séier fënnt si awer eraus, dat et net esou flott ass, eng bestuete Fra am ofgeleeënen Éisträich vum 18. Joerhonnert ze sinn. De Wolf ass absolut null un zäertlecher Intimitéit interesséiert, Schwéiermamm hänkt dem Agnes permanent am Réck an iwwerhaapt deet si sech schwéier mat deem, wat vun hir erwaart gëtt. D'Agnes, dat versicht, sech wéinstens un hire Glawen ze stäipen, verléiert awer lues a lues den Norden. Wat nawell extreem Ausmoossen unhëlt.
Éisträichesche Kino. Et ass wierklech ëmmer nees eng Freed. Wann et net gesellschaftlechen Horror vum Liewen an der moderner Welt ass, dann ass et gesellschaftlechen Horror vum Liewen an der vergaangener Welt. Produzéiert vum Ulrich Seidl, dee säi fair share u bizarren Ofhandlunge vun der mënschlecher Konditio realiséiert huet, kritt Des Teufels Bad vum Veronika Franz a Severin Fiala direkt vum Ufank un eng Ongemittlechkeet, vun deem de Film bis zum Schluss lieft. D'Anja Plaschg dréit de Film esou gutt ewéi ganz op hire vulnerabele Schëlleren a geet duerch all Zoustänn fir dës Roll.

© Filmladen
Wien soss d'18. Joerhonnert rezent just aus Filmer vum Ridley Scott oder vum Robert Eggers kennt, kritt hei elo eppes aneres zerwéiert. An et rutscht och ni, ewéi säin et Titel kéint undeiten, a fantasteschen Horrorterrain. De Film punkt mat engem recherchéierte Wonsch un Naturalismus, deen déi grujeleg Zeene richteg ruckelzeg mécht. Et ass en fin de compte e Film iwwer Fraen, d'Victime vu reliéisen a gesellschaftlechen Doktrinne, deenen hir Stigmatiséierung bis haut undauert. Am Film hei ass den Auswee dorauser just een extreemen. Dat wäert haut hoffentlech anescht kënne geléist ginn. E staarke Film op alle Fall.