
© Felicita / Curiosa Films / France 3 Cinema
Eng Rom-Com, déi eng iwwel Tournure hëlt, eng Kaz, déi léiere muss, keng Angscht virum Waasser ze hunn, Fransousen, déi mam Feier spillen, e Liblingskuch an eng lëtzebuergesch Koproduktioun. Den Tom Dockal weess, wat fir Filmer sech hannert deene Stéchwierder verstoppen, a presentéiert déi nei Kinoswoch.
Net just fir den Oscar fir de beschten Animatiounsfilm, mee och nach fir dee vum beschten International Feature ass de Film Flow nominéiert. Dëse Film vum lettesche Filmemaacher an Animateur Gints Zilbalodis erzielt d'Geschicht vun enger Kaz, déi vun enger Iwwerschwemmung verdriwwe ginn as an déi sech op engem Boot duerch eng nei Ëmwelt zurecht fanne muss. Si muss quasi d'Angscht virum Waasser verléiere léieren. D'Computeranimatioun vun dëser quasi one-man-show ass mat engem Open-Source-Programm entstanen an d'Kaz vu Flow brécht d'Häerzen uechtert Welt schonn säit e puer Méint.
Franséische Kino ass dës Woch nees mat zwee Filmer vertrueden. Eemol Jouer avec le feu, an deem de Personnage vum Vincent Lindon – dee fir dës Roll lescht Joer zu Venedeg mam Interpretatiounspräis ausgezeechent ginn ass – mat engem vu sengen zwee Filsen Probleemer huet. Wärenddeems deen een op d'Sorbonne studéiere geet, riskéiert hien deen aneren u rietsextreem Kreesser ze verléieren. An där Roll: de Benjamin Voisin.
An dann ass dee vun der Amour Fou produzéierte Film Le quatrième mur am Kino an deem sech de Personnage vum Laurent Laffitte matzen am Krich am Libanon Ufank den 1980er erëmfënnt. Sur place wëll hie mat Leit vun alle Fronten d'Stéck Antigone op d'Bün bréngen. Natierlech méi einfach gesot, ewéi gemaach.
Zwou Rom-Coms sinn och dës Woch um Rendez-Vous. Engersäits My Favourite Cake an deem no laange Joer eng eeler Fra am iraneschen Teheran d'Bekanntschaft mat engem eeleren Här mécht. Bei Kaffi a Kuch kommen sech déi zwee Mënschen, Produite vum Liewen am Iran no der Revolutioun, méi no. Companion aus den USA ass do dergéint eppes méi Abstruses, wat iergendwou tëscht Black Mirror an The Stepford Wives mat de Code vun der amerikanescher Romcom spillt. E Genrefilm, feministesch, bluddeg an eventuell immens spaasseg. Den Trailer mécht immens Loscht, op alle Fall.
An da gëtt et nach déi portugisesch Komedie Vive e deix andar am Programm, genee ewéi e weidere Volet Fireman Sam fir déi ganz Kléng.