Et war emol eng Kaz, e Mupp, e Capybara an e Lemur... Wat kléngt ewéi den Ufank vun enger Jean de la Fontaine-Fabel, esou sinn dat awer d'Personnagë vum schéinen an onkonventionellen Animatiounsfilm Flow, dee säit e puer Deeg an de Kinoe ze gesinn ass. Schéin an onkonventionell – dat sinn net meng Wierder, mee dem Tom Dockal seng, deen eis Flow elo als Film vun der Woch virstellt.

010225 Film vun der Woch FLOW 13h40

Et huet kee wierklech iwwerrascht, mee da war et awer eng Iwwerraschung. De Film Flow, eng verhältnisméisseg butzeg Animatiouns-Koproduktioun tëscht ville Länner, vun engem lettesche Filmemaacher, ass net just fir den Oscar vum Beschten Animatiounsfilm nominéiert ginn, mee och fir de vum Beschten Internationale Film. Net nëmmen huet sech Flow géint déi grouss Disney-Produktioun Moana 2 – entre guillemets – duerchgesat, mee déi ass guer net nominéiert ginn. Alles dat schonn, en décke win am Zeeche vun der Konscht.

D'Welt vu Flow ass eng ouni Mënschen. Et ass och eng Welt ouni Sprooch. Am Film ass net ee Wuert ze héieren. D'Déiere schéngen eleng ze sinn an deem Environnement, deen eis de Filmemaacher Gints Zilbalodis presentéiert. D'Kaz, déi een als éischt trëfft, lieft mat ganz vill Kuriositéit an hiren Alldag an der Natur eran, bei deem si just op d'Muppen oppasse muss. Raschten deet si an engem vu Mënsche verloossenen Haus. Et ass alles ganz berouegend. Mee enges Daags geschitt eppes Ongewéinleches. Eng Sëntflut zitt iwwert d'Äerd an d'Déiere musse sech virum Waasser retten. D'Kaz rett sech an e Segelboot, ma iert si sech ëmkuckt, huet si Campagnonen mat am Boot. E Capybara, ee vun de Muppen, deen si soss gejot huet, an e Lemur. Zesumme beginn si sech op eng Odyssee duerch d'Waasserlandschaft, virun där d'Kaz ënner anerem léiere muss, d'Angscht ze verléieren.

RTL

© Janus Films

Wien des Disney-Gesequels an iwwerhaapt d'Disney-Esthätik sat ass, dee soll seng Kanner apaken an hinne Flow weisen. Mee et ass kee Kannerfilm per se. Flow ass, ewéi säi Titel et seet, op villen Level eng ganz fluid Affär. A well sech net festleeën op einfache Messaging. Ass et eng ökologesch Fabel? Ass et en transzendentaalt Déieremärchen? Jo,bestëmmt. Ass et soss alles och? Absolut. Flow léisst sengem Publique d'Manette vun der Interpretatioun. Wat am Animatiounsfilm nach méi d'Ausnam ass ewéi soss am Kino. Et ass herrlech animéiert an d'Produktiounsgeschicht vum Film total spannend. De Realisateur a seng Ekipp huet de Film mat engem open source Programm gemaach. Mat Demokratiséierung vun de Produktiounsmëttel géint d'Milliarde-schwéier Maschinerie vun Disney. An den Oscar ass guer net esou onrealistesch. Wie sech a senge Kléngen oder manner Kléngen eng Kinoserfarung schenke wëll, dat schleeft se an de Kino fir de Film mat der Kaz, dem Mupp, dem Capybara an dem Lemur.