
© Sony Pictures
Vun Oscarkandidaten iwwer Architekten oder Operdivaen zu engem Bier mat der Reejackett, deen a Peru reest an nach villem méi – och déi nei Kinoswoch ass eng gutt gefëllten. Den Tom Dockal huet den Iwwerbléck a presentéiert déi nei Filmer an de Kinoen uechtert Land.
D'Kinosaventüre vum Paddington-Bear, dem Bier Bier mat der bloer Reejackett an dem rouden Hutt, ënnert deem hien ëmmer déi eng oder déi aner Gebeesseschmier verstoppt, ginn an eng drëtt Ronn. Dës Kéier geet et mat der Famill Brown, dem Paddington senger Adoptivfamill an de peruaneschen Dschungel, wou d'Bieren-Tatta besicht gëtt. Enfin, fonnt gëtt, well d'Tatta Lucy ass aus dem Altersheem am Reebësch verschwonnen. Paddington 2 ass e modernt Meeschterwierk. Deen ze toppen, wäert onméiglech sinn – ech sinn total onironesch -, ma méi Paddington ass awer ëmmer gutt!
Vun engem drëtte Film bei e fënnefte Film! De franséische Pendant zu de Flodders, d'Famill Tuche reest vläicht net an de Peru, dofir awer op déi brittesch Insel. Den Enkel gëtt op e Futtballtrainingscamp vun Arsenal invitéiert, ma d'Invitatioun vun de Royals léisst net laang op sech waarden. D'Tuche loossen sech net fléiwen a bréngen hiren Asi-Chaos bei d'Englänner. Bannent bal 15 Joer de fënnefte Film an dëser Serie, deen dës Kéier vum Haaptacteur vum Film, dem Jean-Paul Rouve, realiséiert ass.
Sprange mer bei den Arthouse-Kino. An zwee Oscar-Kandidaten.
The Brutalist vum Brady Corbet, zu Venedeg mam Regie-Präis ausgezeechent, ass carrement fir 10 Oscaren nominéiert. Et ass d'Geschicht vun engem jiddeschen Architekt, deen nom zweete Weltkrich säi Wee an d'USA mécht. Hie gëtt do vun engem steeräiche Geschäftsmann opgeholl an et dauert net laang, bis dat hien e Bauprojet kritt. Dem Architekt säin Talent gëtt wouergeholl, mee dat alles heescht net immens vill. Eng Migrantegeschicht an eng differenzéiert Entstéiungsgeschicht vun de Vereenegte Staaten. Erënnert plazeweis un There Will Be Blood vum Paul Thomas Anderson. Mat engem exzellenten Adrian Brody an der Haaptroll. E Film, deen eng Paus integréiert huet. Wat The Brutalist en total 3h30 laang mécht.
Do dernieft huet de chileenesche Filmemaacher Pablo Larrain mat Maria seng net ausgeschwaten Diva-Trilogie ofgeschloss. Nom Jackie Onassis, dem Diana Spencer ass Maria e Film iwwert Maria Callas, déi vläicht gréissten Oper-Cantatrice vun allen Zäiten. An der Haaptroll, d'Angelina Jolie. Et geet ëm déi lescht Deeg vum Callas hirem Liewen zu Paräis.
Dann gëtt et an de Kinepolis-Kinoen nach Filmer aus China. Eemol de Krimi Detective Chinatown 1900 an dann eng Kinosadaptatioun vun enger Serie mam Numm Legend of the Condor Heroes.