An eppes manner ewéi engem Mount – an der Nuecht op den 3. Mäerz – ginn zu Los Angeles alt nees emol d'Oscare verdeelt. En eeschten Oscar-Kandidat ass 'The Brutalist' mam Adrian Brody an der Haaptroll. 10 Nominatioune sti fir dëse Film op, an zanter e puer Deeg kann een dëse Film bei eis gesinn. Den Tom Dockal stellt eis The Brutalist elo als Film vun der Woch vir.

080225 Film vun der Woch THE BRUTALIST 13h40

The Brutalist erzielt vun der Arrivée aus Europa an d'Liewen an den USA vum jiddesche Shoah-Iwwerliewenden an Architekt, dee vum Adrian Brody verkierpert gëtt. Dësen hält sech mat klénge Schräiner-Jobs bei sengem Cousin iwwer Waasser, bis dat en enges Daags iwwer Emwéeër op e räichen Industrielle stéisst, dee vu senger Vergaangenheet als innovativen Architekt an Ungarn gewuer gëtt. De räiche Mann mécht him eng Offer, e kulturellen Zentrum zu Éiere vu senger verstuerwener Mamm ze bauen. Et gëtt e risege Bauprojet an der amerikanescher Pampa. Mee net jiddereen ass begeeschtert vun dësem Projet, traut dem Auslänner, dem Judd net iwwert de Wee, deen einfach just eng Visioun huet an op seng Fra waart, déi hoffentlech aus Europa nokënnt.

Wéi déi aktuell politesch an gesellschaftlech Situatioun an den USA ass, dierft jidderengem bekannt sinn. Virop d'Situatioun vun an der Diskussioun ronderëm d'Immigranten. An et ass keen exklusiv amerikanesche Sujet. An Europa - bei eis – ass d'Situatioun genee esou ugespaant. The Brutalist, den neie Film vum Filmemaacher an Acteur Brady Corbet kënnt ënnert deem Liicht eigentlech passend. Well wann et och ëm Architektur geet, sou erzielt de Film en gros awer eppes ganz Präzises: eng Immigratiounsgeschicht. The Brutalist huet natierlech d'Intentioun, eng grouss amerikanesch Epopée ze ginn – wat eleng formell klappt - de Film ass dräianhallef Stonn laang an huet eng Paus.

RTL

© picture alliance / ASSOCIATED PRESS / Lol Crawley

Et ass awer eng, déi d'Brutalitéit, net just an der architektonescher Beweegung, mat där den Titel kokettéiert, déi de Vereenegte Staaten inherent zu Gronn läit, zum Thema mécht. Vu weegen American Dream a jidderee ka maache wat ee wëll. Den Ëmgang mat Immigranten, egal ewéi d'philanthropesch Decideuren sech inzenéiert hunn, war schonn ëmmer rassistesch ënnermoolt. De Film ass net perfekt, mee et ass ee Film, dee richteg aushëlt, grouss optrëtt, dobäi fantastesch ausgesäit, den Adrian Brody gëtt eng grouss Prestatioun of – d'ailleurs, net just hien – an d'Musek ass gëttlech. En elektriséierende Film, deen trotz senger epochaler Gréisst an dem ville kalen a groe Bëtong, deen een op Distanz léisst, richteg beréiert.