Eng nei an nawell chargéiert Filmwoch steet un – vu Superhelden, déi d'Welt natierlech rette wëlle bis net méi déi allerjéngste Fraen op der Sich no der grousser Léift. An da geet et ënner anerem nach ëm Amerikaner mat Lëtzebuergeschen Originnen. Ënner anerem. Wat fir en neie Kinoskascht vun haut un nei uleeft, weess den Tom Dockal.

120225 Nei am Kino 15h40

De Steve Rogers ass scho laang net méi de Captain America, mee dem amerikaneschte vun den amerikanesche Superhelde säi Schëld ass an aner Hänn gaangen. De Falcon, dem Cap säin Acolyt aus dem Marvel Universum huet de Kostüm iwwerholl a muss sech géint béis Kräfte stellen. Ob mam Ënnertitel Brave New World e bëssi Huxley an d'Spill kënnt, gesi mer dann. De 35. Film aus dem MCU an de 4. Film ronderëm dëse Superheld.

E véierte Film gëtt och enger anerer Heldin geschenkt: dem Bridget Jones, alt nees vum Renée Zellweger gespillt. Haut eng Mamm vun zwee Kanner an eng Wittfra, deet d'Bridget sech schwéier an der Welt vum Dating mat den Apps. Enges Daags taucht aus dem Näischt awer e Schoulmeeschter op. De Schoulmeeschter vum Fiston. E vill méi jonke Mann.

Ma och am Karoline Herfurth hirem Sequel zum Film Wunderschön, de Film heescht Wunderschöner, steet dee Sujet am Raum. D'Al ginn als Fra, d'Alles-Dru-Ginn, fir schéin a sexy ze sinn. Mee wat wier, wann een einfach domadder géif ophalen. Mam Herfurth, Nora Tschirner a villen aneren am Casting.

Am moyen métrage Luxembourg in America besicht de Geoff Thompson d'Stad Belgium am amerikanesche Wisconsin a mécht de Portrait vun den Nokomme vun den am 19. Joerhonnert emigréierte Lëtzebuerger. A vermëscht dat mat historeschen Dokumenter.

Dann gëtt et nach europäeschen Arthouse-Kino. Am Film Rabia reesen zwou jonk Fraen a Syrien, fir dem DAECH bäizetrieden, just fir sur place mat enger Realitéit konfrontéiert ze ginn, déi hinnen esou munch eppes ofverlaangt a bei där et gëllt, e Sënn fir Humanitéit oprecht z'erhalen.

Am italieeneschen Documentaire Fiore mio mécht den Auteur hannert dem Buch Le otto montagne de Portrait vu senger Heemecht an den Héichte vun den italieeneschen Alpen an da gëtt et mat Looney Tunes: Daffy & Porky sauvent le monde d'Looney Tunes op franséisch fir déi Kléng.