
© MUBI
Et ass Mëttwoch an dat heescht den Ufank vun enger neier Kinoswoch. Et ass och déi lescht nei Kinoswoch virun den Oscars dëse Weekend. Ee Film, deen haut nei uleeft, ass do e wichtege Kandidat. Wat fir een dat ass, a wat et soss nach Neies op d'Ae gëtt, weess den Tom Dockal.
De brasilianesche Filmemaacher Walter Salles, verantwortlech fir Central do Brasil an den Che Guevara Roadmovie The Motorcycle Diaries, huet no 12 Joer en neie Film gemaach. Ainda estou aqui oder I'm Still Here spillt an de 70er an d'brasilianesch Militärdiktatur ass op hirem Zenith. Eng Famill gëtt ausernaner gerappt, ewéi de Familljepapp a regimmkritesche Politiker op e Verhéier muss an net méi erëmkënnt. De Film dréit sech ëm seng Fra, déi mat deem Verschwannen eens ginn a weiderliewe muss. Wou de Film leeft, huet en enorme Succès. Den Oscar vum beschten internationale Film ass fix, dee fir d'Actrice hannert der Haaptroll, d'Fernanda Torres, ass héchstwarscheinlech.
Ee Film, deen dofir komplett – ongerechterweis – aus dem Oscar-Gedeessems ausgeschloss ginn ass, ass Queer vum Luca Guadagnino. Deen den Daniel Craig an enger ganz fräier William S. Burroughs Adaptatioun ë.a. duerch Mexiko vun de 1950er goen a sech mat Soff ewechschéissen a sech verléiwe léisst. Dat de Craig e fantasteschen Acteur ass, duerf een net vergiessen. Am Film Queer ass e vläicht esou gutt an emouvant ewéi nach ni. An engem Film also, deen 1000%-eg déi eng oder déi aner Nominatioun erdroen hätt.
Baséierend op enger Kuerzgeschicht vum Stephen King ass The Monkey vum Osgood Perkins. A sengem neie Film no Longlegs sinn Zwillingsbridder nom laange Joer nees mat enger Spillsaach an der Form vun engem Äffche konfrontéiert, déi schonn hirer Famill vill Misär gemaach huet. Ganz anescht ass et am Film L'hiver a Sotchko. Do gëtt d'Liewe vun enger jonker koreanescher Fra, vun der Routine bestëmmt, mat der Arrivée vun engem franséischen Auteur op d'Kopp gehäit. Den Auteur, gespillt vum Roschdy Zem, ass op der Sich no Inspiratioun. Déi jonk Fra mécht sech Gedanken iwwer hir Vergaangenheet an hire Papp, deen si ni kennegeléiert huet. E Fransous.
d
Ofschléissend leeft nach eng Romanz fir Jonker un. Marked Men: Rule + Shaw baséiert op Young Adult Literatur, déi eventuell eng Serie vu Film no sech zitt. Realiséiert vum The Notebook-Regisseur Nick Cassavetes. An den däitsche Kino liwwert och nees eng Kannerbuchfilmadaptatioun. Dës Kéier ass et eng Verfilmung Ein Mädchens namens Willow, wat op de Kannerbicher vum Sabine Bohlmann baséiert.