
© MUBI
Muer den Owend spéit ginn zu L.A. emol nees eng Kéier d'Oscar verdeelt. Déi allermeeschten nominéiert Filmer konnt een och scho bei eis an de Kinoe gesinn. Dann gëtt et déi Filmer, déi duerchaus hir Plaz ënnert den Nominéierte gehat hätten, aus wat fir enge Grënn och ëmmer ignoréiert gi sinn. Een esou e Film ass Queer mam Daniel Craig an der Haaptroll. Dat mengt op alle Fall den Tom Dockal, deen eis Queer elo als Film vun der Woch virstellt.
1950. Mexiko City. Mir begéinen dem amerikaneschen Expat an Auteur William Lee - vum Daniel Craig gespillt – deen et sech gutt goe léisst. Usech sur place ass, fir un engem neie Buch ze schreiwen, mee en gros et sech einfach gutt goe léisst. An der dompeger Hëtzt lieft hien oppe schwul säin Alldag, dee virop dorauser besteet, eng Krunneméck an enger Bar ze sinn, vill ze drénken a kuerzliewege sexuellen Affekter nozegoen. Enges Daags begéint hien an dëser Bar awer engem jonke Mann, dem Eugene, deen nei an der Stad ass a géigeniwwer deem den Haaptprotagonist komplett den Norde verléiert.
Queer ass den neie Film vum Luca Guadagnino, dem Realisateur vu Call Me By Your Name, a säin zweete bannent just engem Joer. Et ass och déi zweeten Zesummenaarbecht mam Zenarist Justin Kuritzkes. Queer ass eng fräi Adaptatioun vun engem net fäerdege William S. Borroughs Roman. Dir wësst, den Typ, deen Fear and Loathing in Las Vegas geschriwwen huet. Sou genuch name dropping. Queer ass manner ofgefucked ewéi Fear and Loathing, mee Exzess ass awer um Rendez-Vous. Deen ass awer méi sënnlech, intim. Et ass e Film, dee ganz eenzegaarteg Melancholie am Zentrum huet an e Portrait vun engem Mann mécht, deen iergendwéi versicht, aus dem Elleng-Sinn erauskommen ze wëllen, sech dobäi awer selwer meeschtens am Wee steet.

© MUBI
Den Daniel Craig ass dobäi gëttlech gutt! Ech widderhuele mech säit Joren: säit de Craig net méi de Bond ze spille brauch, bléit en op ewéi eng Blumm. Den Daniel Craig ass e fantasteschen Acteur. Dat hie fir Queer net fir den Oscar nominéiert ginn ass, grenzt un eng Frechheet. De Guadagnino, dee mir perséinlech mat sengem rezente Wierk eng Grimmel op d'Schlappe gaangen ass, huet sech mat Challengers an eben elo Queer a mengen Ae rehabilitéiert. Queer ass schéin, traureg, mat Amenter esouguer häerzeg a witzeg, gesäit fantastesch aus – déi Miniaturenaarbechten sinn immens – a gëllt op kee Fall verpasst ze ginn.