
© Warner Bros. Entertainment Inc.
Et wierkt ewéi wann de Kino sech no den Oscar- an Césaren misst erhuelen. Déi néi Kinoswoch ass eng verhältnisméisseg roueg. Wat awer net heesche soll, dat sech de Besuch net lount. Op mannst wéinst engem Film lount sech de Besuch ganz gewalteg. Dat mengt den Tom Dockal, deen och haut den Iwwerbléck vun den neie Filmer am Kino huet.
Wann een den Numm Bong Joon Ho gesäit, da sollt dat fir jiddereen deen nämlechten Effekt hunn, ewéi dat Wuert Leckerli beim Mupp. Laafen. An de Kino laafen. Mickey 17 ass dem koreanesche Filmemaacher vu Parasite säin nei Film. Eng dystopesch schwaarz Sci-Fiction-Komedie mam Robert Pattinson an der Haaptroll. Hie spillt an enger Weltraum-Kolonie den Nicki, deen dozou bestëmmt ass, ëmmer neess säi Liewen opzeginn, fir irgendwellech geféierlech suizidär Aarbechten a Missiounen op sech ze huelen. Just fir dann neess frësch a monter kopéiert an zum Liewen erwecht ze ginn. Technik mécht et méiglech. Mickey 17 wëll drop opmierksam maachen, dat et dem Pattinson sengem Personnage seng 17. Versioun ass. Wa sech emol zwee Mickeyen géigeniwwer stinn, ass d'Bëtschel awer fett. Dee Meeschter Bong schéisst mat de grousse Kanounen, net déi éischte Kéier natierlech, an dësem Film, an deem hien wéi gewinnt seng méi oder manner subtil Kapitalismus-Kritik verstoppt, an där och mat Kolonisatioun an den Hären Trump/Musk den Uutz gemaach gëtt. Mickey 17 ass garantéiert e ganz flott Kinosspektakel.
E weidert Kapitel grousse Kino versprécht Le secret de Khéops ze ginn. Firwat? Ma well de Fabrice Luchini sech endlech – mat sengen 73 Joer – als franséische Indiana Jones ka ginn. Hie spillt en exzentreschen Archeolog, deen der fester Iwwerzeegung ass, dat de gréisste Schatz aus der Cheops-Pyramid iergendwou zu Paräis verstoppt ass. Wie keng Loscht op de Luchini a Paräis huet, dee ka sech mam Philippe Rebbot a virop mam Mathias Mlekuz op de Velo schmäissen. Déi zwee Häre fueren nom Dout vum Fils vun engem en Trajet of, deen eeben dëse Fils gefuer ass. Dat verbënnt déi zwee all Frënn nach méi matenaner. An de Film baséiert op den tatsächlechen Erfarunge vum Realisateur Mlekuz, dee mam Rebbot och d'Dréibuch geschriwwen huet.

© Warner Bros. Entertainment Inc.
Fir d'Frënn vum Tamil-Kino aus Indien leeft dann nach Nilavuku En Mel Ennadi Kobam: A Usual Love Story am Kinepolis Belval – d'Manga-Frënn duerfen sech iwwert en neien Dragon Ball Film fréeën an de groussen Oscar-Gewënner Anora vum Sean Baker huet eng Reprise an de Regionalkinoen vu Cinextdoor.