Fir den Oscar ass et leschte Weekend net duergaangen, an awer ass den Timothée Chalamet fir seng rezentste Roll am Gespréich. Am Film A Complete Unknown verkierpert hien de Bob Dylan. Den Tom Dockal huet de Musker-Biopic nogeholl a stellt en als Film vun der Woch vir.

080325 Film vun der Woch A COMPLETE UNKNOWN 13h40

D'Mythologiséierung vum Bob Dylan ass eng, déi de gudde Mann selwer schonn Zäit senges Liewens a kreativer Schafenszäit selwer bedreift. Mee déi aner maachen dat och. An net just seng Fans. Fir d'Filmer iwwert de Bob Dylan opzezielen, brauch een op mannst dräi Hänn. Dee rezentste Film ass A Complete Unknown vum James Mangold mam Timmy Chalamet an der Haaptroll. Et ass eng gros e klassesche Musekerbiopic, mee de Mangold a seng Kozenaristen maachen de gudde Choix, sech just op eng ganz präzis Zäit ze fokusséieren. Vum Bob Dylan senger Arrivé am Big Apple an am Greenwich Village, wou hien esou Gréissten ewéi de Bob Seeger, d'Joan Baez an de Woody Guthrie kenneléiert, bis zum Punkt, wou hien um Newport Folk Festival 1965 d'elektresch Guitar auspeekt. E Skandal. Eng Zäsur an der Pop- a Rockgeschicht.

Et ass schlussendlech fir keen Oscar leschte Weekend duergaangen. Och net fir säin Haaptprotagonist Timothée Chalamet. Deen an engem vampiristesche Meeschtercoup den Dylan wierklech beandrockend verkierpert. Och stëmmlech. Alles ass vum jonke Kanadier selwer agesongen. Wéi all déi aner iwweregens och. De James Mangold ass en Artisan vun engem Realisateur, an zwar am beschte Sënn vum Wuert. Säi Film, wann och klassesch an net fräi vu Klischeeën, déi mam Musekerbiopic anhirginn – an d'Joan Baez kënnt wierklech onfair schlecht aus deem Film eraus -, geléngt e puer ganz schéi Saachen. D'Musek kritt enorm vill Plaz am Film, manner Jukebox-méisseg ewéi an engem Mamma Mia- oder Elton John-Film, mee als dramaturgesch partie intégrante, duerch déi de Plot, deen usech hauchdënn ass, weidererzielt gëtt.

RTL

© Searchlight Pictures

An d'Drama, wat bei esou Biopics ëmmer dobäi si muss, kritt hei eng clever Tournure. Usech ass et d'Relatioun Dylan a Seeger, déi am Mëttelpunkt steet an dem Rapport zur Folkmusek, déi di zwee hunn. Dat geet esouwäit, dat de soi-disant Befreiungsschlag vum Dylan zu Newport och eng immens Melancholie mat sech bréngt. Hätt de Mangold sech just dorobber konzentréiert. I'm Not There vum Todd Haynes ass weiderhin dee gréisseren Dylan-Film, mee A Complete Unknown ass nu wierklech net vun der Hand ze weisen. Ob mat oder ouni Oscaren.