
© IFC Films
Film-technesch sinn d'Aen zur Zäit bekanntlech um Luxembourg City Film Festival. Mee déi regulär Kinosprogrammatioun bleift virum Festival net stoen. A fir ganz éierlech ze sinn: et ass eng staark nei Filmwoch. Dat mengt op alle Fall den Tom Dockal, deen eis déi nei Filmer kuerz virstellt.
Och am soi-disant normale Kinosprogramm sinn Auteuren erëmzefannen. Ee vun de momentan net genuch besongennen Filmemaacher ass de Steven Soderbergh. Dem Ocean's Eleven-Realisateur säi Wierk déi leschten zéng Joer ass immens. Formell esou jonk ewéi nach ni, knuppt hien am Jorestakt Projeten eraus. Black Bag ass säi rezenteste Film. E Spionagefilm, iergendwou tëscht Mr. & Mrs. Smith an enger John Le Carré-Adaptatioun mam Cate Blanchett an dem Michael Fassbender an den Haaptrollen. Béid si Spiounen, bestuet... an enges Dags gëtt hien domadder konfrontéiert, si kéint eventuell d'Land verroden ze hunn. D'Fro steet also am Raum: dem Bestietnis oder der Natioun trei bleiwen.
Zwee weider Oscar-Filmer hunn et dann an de Kino gepackt. Woubäi deen ee gewonnen huet an deen aneren net. De Gewënnerfilm ass den Documentaire No Other Land. E Film, realiséiert an agefaange vun engem palästinensesch-israeelesche Kollektiv. Et geet ëm d'Zerstéierung vun enger Regioun am Westjordanland duerch d'israeelesch Arméi. An et geet ëm d'Relatioun tëscht de Filmemaacher, dorënner e palästinenseschen Aktivist an en israeeleschen Journalist. Memory of a Snail ass den neien Animatiounsfilm vum Adam Elliot, dee mat sengem eenzegaartege visuelle Stil ganz melancholesch a schéi Geschichten erzielt. Hei geet et elo ëm e jonkt Meedchen, dat vu sengem Brudder getrennt gëtt, nodeems se hir Eltere verléieren. D'Meedche Grace versicht trotz allem, iergendwou Liewensfreed ze fänken.

© IFC Films
Last but not least geet et mat zwee Filmer nach a méi summerlech Sphären: am franséische Film On Ira geet eng 80-järeg Fra mat Kriibs am Endstadium mat hirer disfunktionaler Famill mat engem mobile home op eng Rees. Vum Kriibs weess keen. E franséische Riff op Little Miss Sunshine. An de Paolo Sorrentino huet mat Parthenope nees e Film mat Neapel am Zentrum realiséiert. An eng Fra, déi mat hirer Schéinheet nu wierklech all Typ ronderëm sech paralyséiert. Schéinheet en Jugend, zwee Sujeten, déi den italieenesche Filmemaacher, hannert La Grande Bellezza, nach ëmmer obsedéieren.