
© L'Atelier Distribution
De Film vun der Woch misst reng theoretesch Documentaire vun der Woch heeschen. Mee well net all Woch an iwwerhaapt net esou reegelméisseg Documentairen am Kino ulafen, ass dat Grond genuch, déi dann ervirzehiewen. D'autant plus wann den Documentaire No Other Land heescht. Dat mengt op alle Fall den Tom Dockal, deen dës dokumentaresch Aarbecht iwwert den Noostkonflikt virstellt.
No Other Land ass de Filmtitel an och e Saz deen een ëmmer nees am Film héiert. E verzweifelten Ausruff vu Mënschen am Zentrum vun dësem Film. D'Bewunner vun der Masafer Yatta Regioun am Westjordanland sti virun enger grousser Existenzdecisioun. Déi laangjäreg Lutte weiderféieren, déi doranner besteet, um Land ze bleiwen, dat sech d'israeelesch Arméi fir sech an Usproch huele wëll oder virun de Bulldozer an den Zaldote kapituléieren an ewechgoen. Well déi Mënschen eebe keen anert Land hunn. An dësem Kontext begéint e jonken israeelesche Journalist, dee senger Regierung an dem Konflikt kritesch géintiwwersteet an op d'Situatioun opmierksam maache wëll, engem genee esou jonke palästinenseschen Aktivist, deen och d'Kamera zéckt an Oppositioun mécht. Just, den israeeleschen Typ kann Owes mam Auto Heem, wärend deen aneren all Dag domadder rechne muss, dat e Bulldozer virun der Dier steet.
No Other Land ass eng Kollektiv-Aarbecht vun enger ganzer Rëtsch Aktivisten. Net just deenen zwee virun der Kamera. De Wee, deen No Other Land säit senger Première op der Berlinale lescht Joer gemaach huet, ass verréckt. Vun de klasseschen Antisemitismus-Virwërf vun der soi-disant progressiver däitscher, mee net just nëmmen, Lénk bis zum Oscar virun zwou Wochen ass vill Zäit vergaangen. Eppes ass awer bliwwen: déi grujeleg Situatioun am Noen Osten. No Other Land fänkt ganz einfach a staark dësen trageschen Alldag an an ass gläichzäiteg d'Geschicht vun enger Renconter ënnert deenen Ëmstänn.

© L'Atelier Distribution
Et ass awer kee Film iwwer Kamaraderie a Solidaritéit tëscht deenen zwee – ze vill Situatiounen tëscht hinnen hunn trotz dem géigesäitege Versteesdemech eng ëmmerwärend Tensioun an d'Realisatioun, dat trotz allem déi zwee net op Aenhéicht kënnen agéieren. Déi Aenhéicht tëscht den zwou Kommunautéiten kéint just dann opkommen, a wierklech just dann, wa Palästina als solchen unerkannt géif ginn. Sou mécht No Other Land de sec'en a glasklore Constat, wéi wäit sech Israel zu engem Apartheidregimm entwéckelt huet. E staark Stéck Documentaire-Aarbecht. Net verpassen.