
© Deal Productions
Keng Bäckesch Dosen, mee eng Bäckesch hallef Dose Filmer si vun haut un nei am Kino. Sechs plus ee – siwen nei Filmer. Vun Disney, Action, däitsch a franséische Kino an e Film vum Désirée Nosbusch. Wat fir Filmer dat alles sinn, weess den Tom Dockal, deen eis e kuerze Point mécht.
Disney mécht sech mat senge Sequels a live action Remakes säit Jore bekanntlech d'Liewen einfach. Fir deen nächste Remake si se wierklech ganz un den Ufank vun der Boîte gaangen. D'Snow White, d'Schneewittchen, mat deem alles viru geschwënn 100 Joer ugefaangen huet, kënnt an de Kino. Mam Rachel Zegler an der Titelroll, mam Gal Gadot an der Roll vun der béiser Hex a siwe bizarre CGI-Zwergen. A well d'droit d'auteuren sech un der Peter Pan Figur vum J.M. Barrie a Loft opgeléist hunn, huet sech eng Boîte dorunner gemaach, en Horrorfilm ronderëm de Jong aus Neverland ze bastelen. Et sinn déi nämmlecht Leit, déi och Winnie the Pooh esou verschafft hunn. Ass et gutt, anscheinend net, kommen nach méi esou Filmer op eis duer? Garantéiert.
Kuerz zum Arthouse-Kino: d'Désirée Nosbusch huet sech fir Poison hannert d'Kamera gestallt an de Film mam Tryne Dyrholm a mam Tim Roth realiséiert. Op engem Stéck vum Lot Vekemans baséierend erzielt Poison d'Geschicht vun enger fréierer Koppel, déi sech um Begriefnis vum gemeinsame Fils no laange Joer erëmbegéint. E Film iwwer Verloscht an Traueraarbecht a wat dat mat Mënsche mécht.
Dann huet den däitsche Filmemaacher Andreas Dresen In Liebe, eure Hilde realiséiert. Dat ass en Zweete-Weltkrich-Drama a Libesfilm tëscht zwee jonken däitsche Resistenzler, déi de Summer 42 matenaner verbréngen. Bis dat si vun der Gestapo gefaange ginn an si, d'Hilde, héichschwanger, agespaart gëtt. Ass säit e puer Deeg offiziell eng ganz Rëtsch mol fir den Däitsche Filmpräis nominéiert.
An da gëtt et nach déi mexikanesch-amerikanesch Produktioun La cocina, déi sech, wéi den Titel et seet, an enger Kichen ofspillt. An enger stresseger Kiche vun New York, wou girl and boy méi no kommen, mee wou enges Freides Suen an der Keess feelen a jidderee verdächtegt gëtt. Kritt immens Kriticken. De Geheimtipp vun der Woch. Ënner anerem mam Rooney Mara.
An dann, last but not least – den Actionfilm Novocaine, an deem den Haaptpersonnage keng Péng spiert an déi franséisch Komedie Ma mère, Dieu et Sylvie Vartan, mam Jonathan Cohen a mam Leila Bekhti an den Haaptrollen.