D'Temperaturen dës Woch ware fir de Mount Mäerz méi ewéi agreabel. Mee loosst Iech soen – d'Wieder wäert nach emol fatzeg ëmschloen. Gutt, dat een sech op mannst am Kino op d'Wieder verloosse kann. Wéi wier et nämlech op e Besuch bei d'Schéinheeten an d'summerlech Hëtzt vun Neapel. Dohinner féiert een den italieenesche Film Parthenope, deen den Tom Dockal eis elo als Film vun der Woch virstellt.

220325 Film vun der Woch PARTHENOPE 13h40

D'Parthenope ass an der griichescher Mythologie, am Homer senger Odyssee, eng vun de Sireenen, déi d'Männer ulackelt. D'Parthenope ass och den Numm vun der Haaptprotagonistin am Paolo Sorrentino, déi ee vu Gebuert u suivéiert. Zu Neapel suivéiert. Neapel ass hir Stad – genee ewéi et dem Sorrentino seng Stad ass – an et ass do, wou d'Parthenope mat hirer ugebuerener Schéinheet d'Männer ronderëm sech bezirzt. Net all, awer déi meescht. Déi jonk Fra beweegt sech am Film duerch en Neapel vun den 1970er an 1980er a versicht, hir Plaz an der Welt ze fannen. Schéinheet mécht dobäi Dieren op, mee genee déi Schéinheet huet och hir Falen.

Vum Paolo Sorrentino gëtt näischt aneres erwaart ewéi e Paolo Sorrentino-Film. An Parthenope kéint ee bal schonn als Parodie op säi Stil verstoen. D'Retoure säit der Première zu Cannes sinn deementspriechend net déi allerenthusiasteschst. Jo, Parthenope ass den éischte Fraepersonnage am Zentrum vun engem Sorrentino-Film. Säi Portrait vun der Fra huet garantéiert seng Limitten – hie vergëttert der Personnage selwer genee esou ewéi d'Männer déi am Film opdauchen. Mee dat alles ass, ewéi ëmmer bei him, och ëmmer eng Saach vu Façade.

RTL

© A24

Wéi schonn a La Grande Bellezza verstoppt sech ënnert der Iwwerfläch, déi vill, ganz vill Plaz anhëllt – wie wëll him et veriwwelen, d'Façade vu Roum an/oder Neapel si fantastesch – eng Trauregkeet, Melancholie a Wehmut, déi just hien esou anzefänke weess. An déi transzendéiert och hei den Al-Männer-Affekt, déi een dem Film virgeheie kann. Schéinheet zitt un, mee entfriemt ee genee esou. Well Schéinheet eleng geet net duer, wann een net wierklech erkannt gëtt. Dat gëllt fir d'Parthenope, fir Neapel an Italien. Vläicht ass dat fir verschiddener ze wéineg oder ze einfach als Constat, mee et ass een. En et ass déi schéin, luxuriéis Melancholie, déi een ëmmer nees fir eng Vakanz mam Paolo Sorrentino iwwerzeegt.