
© Tarantula
Mam Jason Statham schaffe goen oder mam Poet Gaston Rollinger an d'Terre Rouge – méi verschidde kéint d'Kinoswoch dës Kéier nees net sinn. Wat fir Filmer dat sinn a wat soss nach alles vun haut un nei uleeft, weess den Tom Dockal.
Lescht Joer war de Stath fir e Film vum David Ayer e Beienziichter, dëst Joer ass hien en einfachen Aarbechter. Mee wien den Jason Statham schon emol gesinn huet, weess, dat deem ni wierklech esou ass. Den Ex-Militär, deen an dësem Film um Bau schafft – fir natierlech en einfacht Liewen ze féieren – gëtt reaktivéiert, wa bis d'Duechter vum Chef vu Mënschenhändler verschleeft gëtt. Voilà, dës Woch ass et um Jason Statham, nächst Woch dann nees um Liam Neeson.
An dann ass en neien Actionfilm aus Indien am Programm. E Sequel vun engem Film vu virun e puer Joer mam komplizéierten Titel L2 Empuraan an deem den Haaptprotagonist mam Spëtznumm Lucifer fir Gerechtegkeet suergt.
Ganz eppes aneres proposéiert dem Fränz Hausemer säin Documentaire Terre Rouge – Topographie du poète, deen de Poet a Filmemaacher Gaston Rollinger zum Sujet huet. De lescht Joer verstuerwene Rollinger huet Zäit senges Liewens an der Escher Hiehl gelieft an den Hausemer huet eng ganz Rëtsch vu senge Gedichter vertount an déi an dës poetesch Aarbecht mat ageflecht, déi de Minett, de Rollinger an deem senger Aarbechten zesummebréngt.
Mat der Participatioun vun Tarantula kënnt dann och de südamerikanesche Film Horizonte an de Kino. Begleet gëtt ee vun zwee Geeschter, deem vun enger Mamm an hirem Fils, déi sech duerch eng vu Krich a Leed duerchzunne Landschaft maache fir nom Papp vum Jong ze sichen. An enger Haaptroll ass d'Paulina Garcia ze gesinn, virop bekannt aus Gloria vum Sebastian Lelio.
An da verkierpert d'Sandrine Kiberlain am neie Film vum Guillaume Nicloux d'Theaterschauspillerin Sarah Bernhardt am Film Sarah Bernhardt, la divine. E Film, deen no der bande d'annonce ewéi e weider Kënschtlerbiopic ausgesäit.
Dann gëtt et nach Rock op d'Aen an d'Ouere mam Doc Becoming Led Zeppelin, fir déi Jonk gëtt et de chineeseschen Animatiounsfilm Ne Zha 2 ewéi och deen engleschen Dog Man an däitscher Fassung an am Ciné Le Paris mécht e Freideg den däitsche Velosfilmowend Bike Film On Tour Stop zu Beetebuerg.