Fir de Film vun der Woch geet et haut op Esch bei de Gaston Rollinger. De Schoulmeeschter, Poet a Filmemaacher huet ënner anerem laang Joer fir den Hei Elei Kuck Elei geschafft. Zu Esch, fir genee ze sinn an der Escher Hiehl, huet de Gaston Rollinger seng lescht Joer zeréckgezu gelieft. Terre Rouge – Topographie du poète ass e Portrait vun dësem Mann, mee nach villes méi. Den Tom Dockal stellt eis de Film vir.

290325 Film vun der Woch TERRE ROUGE - TOPOGRAPHIE DU POETE 13h40

Kënschtlerportraiten gëtt et ewéi Sand um Mier. An och de Lëtzebuerger Kino huet sech deem Exercice déi eng oder déi aner Kéier ënnerzunn. Dem Fränz Hausemer säin Documentaire Terre Rouge – Topographie du poète stellt sech also an eng traditiouns-trächteg Linn. Dobäi ass de Mënsch, de Kënschtler am Zentrum vum Film ville Leit haut net méi wierklech e Begrëff. De Gaston Rollinger war Däitschproff am Escher Jongelycée, huet fir den Hei Elei geschafft, mee de Gast Rollinger war eeben och Filmemaacher, Dokumentarist a Poet. An et si virop déi Kapen, an dee kënschtlereschen Ausdrock, déi aus dësem Documentaire eppes aneschtes maachen.

Laang Joer huet de Fränz Hausemer de Gaston Rollinger a sengem Doheem an der Escher Hiehl besicht a sech mat him ausgetosch. Séier gëtt engem als +1 vun deene Besich kloer, dat een et hei mat engem Mann ze dinn huet, deen net méi ze trennen ass mat der Geschicht, déi en duerchlieft a mat der Ëmgéigend, an där hie gelieft huet. Seng Konscht ass och Ausdrock dovunner. Dem Rollinger seng Kamera huet déi lescht Jore vun der Stolindustrie agefaangen. Vun där haut just nach Iwwerreschter an der Naturlandschaft iwwereg bleiwen. Et ass dëse stännege Wandel - vum Liewen, vun der Landschaft ronderëm een, déi zentral a senger Aarbecht ass. Terre Rouge – Topographie du poète ass keen nostalgeschen Trip, mee eng duerchaus melancholesch beréierend, existenziell Ausernanersetzung mat all deem. Och mat Vergänglechkeet an dem Dout natierlech. D'Zeen am Film, deen e gebriechleche Rollinger afänkt, deen seng laangjäreg Kamera net méi mat enger Hand gehuewe kritt, ass häerzzerräissend.

RTL

© Jucam/CNA

Dem Hausemer seng vum Nikos Welter agefaange Biller sinn an direktem Gespréich mam Rollinger sengem beandrockenden Archiv. Dësen Austausch, zesumme mat der Verflechtung vun de Gedichter – zum Deel vum Realisateur a Jazzmuseker selwer vertount – transzendéieren de klassesche Kënschtlerportrait a schafen eng poetesch Ausernanersetzung mat Konscht a Geschicht, déi zimmlech eenzegaarteg ass am lëtzebuergesche Kino. Ob d'Aféierung vun enger mythologiséierter Figur dann nach vill bréngt oder net, ass just en Detail, deen een nu wierklech net dovunner ofhale soll, dëse beandrockende Bijou vun engem Documentaire kucken ze goen.