Videospill- a Buch-Verfilmung, Biopic, lëtzebuergesch Koproduktioun an Arthouse-Kino. Et ass mol nees eng ganz facettëräich nei Kinoswoch um Start. Den Tom Dockal weess, wat nei uleeft a stellt eis déi nei Filmer vir.

020425 Nei am Kino 15h20

Et ass meeschtens méi ewéi schif ausgaangen, mee dat hält amerikanesch Studioen net dovunner of, et weider ze probéieren. Mam Mario Film huet et jo gepackt, op mannst, wat de Box Office ugeet. Eng Filmadaptatioun vu Minecraft steet elo als nächst an der Schlaang. Et geet ëm véier jonk Aussesäiter, déi mat engem Portal an eng parallel Welt gezu ginn. An eng Welt voller Cuben, an där et gëllt, sech mat Imaginatioun erduerch ze schloen. Imaginatioun mussen se hunn, fir nees Heem goen ze kënnen. Gutt dat de Steve, vum Jack Black, hëllefe kann. Soss nach an enger Haaptroll: de Jason Momoa.

Ech hu kee Plang, op deen nächste Film als Literaturadaptatioun duerch geet – mee de Routard gëtt et och elo als Film. Naja, esou ongeféier. De Guide gëtt als Sprangbriet geholl fir d'Geschicht vun engem Typ z'erzielen, deen sech e bessert Liewe wënscht an tatsächlech op iwwer Ëmwéeer zu engem Job als Mataarbechter vum Guide an de Marokko geschéckt gëtt. An enger Nieweroll: de Michel Blanc an enger vu senge leschte Rollen. Deen iwweregens och an enger lëtzebuerger Koprod op der Berlinale virun e puer Wochen nach ze gesi war.

Apropos lëtzebuergesch Koproduktiounen. D'Amour Fou huet dem däitsche Realisateur Christoph Hochhäusler säin neie Film, an éischten a franséischer Sprooch, La mort viendra, matproduzéiert. E Thriller, an deem sech eng Optragskillerin iergendwann tëscht ville Fronte gesäit, a si decidéiere muss, wiem si trei bleift, fir z'iwwerliewen. War zu Locarno an der Kompetitioun.

Vu Cannes a mam prix spécial ausgezeechent erreecht dem Mohammad Rasoulof säi gefeierte Film The Seed of the Sacred Fig e lëtzebuergesche Kinosecran. Den exiléierte Filmemaacher, deen och rezent um LuxFilmFest zu Besuch war erzielt mat sengem neie Film eng Familljegeschicht, déi e Spigelbild vun der iranescher Gesellschaft ass, voller Paranoia, Ënnerdréckung a potenziellen Ëmwälzungen. 

Da leeft mat Fanon en engagéierte Biopic iwwert de Frantz Fanon un, deen déi däischter franséisch Vergaangenheet vum Algerie-Krich am Zentrum huet. Bollywood-Frënn a Frëndinnen duerfen sech iwwert de Film Mad Square freeën an da gëtt et nach den norwegesch-belschen Animatiounsfilm La légende de l'ours blanc fir déi Jonk. Et ass nu wierklech eng ganz breetgefächert Kinoswoch.