De Film vun der Woch féiert eis dës Kéier an den Iran. An zu engem vun deene gefeiertste Filmemaacher do sur place, deen op Filmfestivalen héich gehale gëtt, mee a sengem Heemechtsland ëmmer nees Schwieregkeete mat den Autoritéiten hat.

050425 Film vun der Woch THE SEED OF THE SACRED FIG 13h40

Vläicht erënnert sech deen een oder dat anert. Am September vum Joer 2022 koum et am Iran zu massiven Demonstratiounen. Grond dofir war déi och bei eis grouss mediatiséiert Festnam an den Dout vum Mahsa Amini, nodeems si refuséiert huet, an der Ëffentlechkeet den Hijab un ze hunn. Et war déi Drëps, déi am säit Joerzéngten autoritär gefouerten Iran d'Faass zum Iwwerlafe bruecht huet. Virop Studentinnen a Studente sinn op d'Strooss gaangen, fir ze revoltéieren. Et ass dee Background, deen de Filmemaacher Mohammad Rasoulof benotzt fir säin neie Film The Seed of the Sacred Fig.

Am Mëttelpunkt ass eng Famill. Papp, Mamm, zwee Meedercher. De Papp ass Investigateur ënnert dem Regime a kéint eventuell Riichter ginn. Wat de Papp schafft, wëssen déi jonk Fraen, déi seng Duechtere sinn, net. D'Mamm steet an der Mëtt a wäert et och bleiwe, wa bis Protester am Teheran ufänken, hie laang Deeg op der Schaff ass a seng Famill net onnéidegerweis virun d'Dier goe soll. Mee d'Liewe vu baussen ass net z'ignoréieren. Spéitstens wa bis eng Matschülerin vun der eelster Duechter mat bluddegem Gesiicht opkräizt an net alt ze spéit dono dem Papp seng Déngschtwaff iwwer Nuecht verschwënnt gëtt d'Famill op eng haart Prouf gestallt.

RTL

© Pyramide Distribution

De Mohammad Rasoulof krut fir säi Kino, seng Filmer schonn Aarbechtsverbuet, ass an de Prisong komm – et kann een also soen, dat hien et ni, ewéi vill anerer och, immens einfach hate am Iran. Virun e puer Woche war de Mann am LuxFilmFest an huet do d'Jury presidéiert. E puer Méint virdrun huet hien endlech de Schrëtt gewot, an den Exil ze goen. Säin neitste Film ass, ewéi déi Filmer virdrun, héich explosiv politesch a gesellschaftskritesch an hëlt kee Blat virun de Mond. Vermëscht tatsächlech Biller vun Demonstratioune mam Familljendrama an engem Thriller. Engersäits komplex, anerersäits glaskloer ass The Seed of the Sacred Fig en däischtere Portrait vun enger repressiver, reliéis ugedriwwener patriarchaler Gesellschaft, aus der e Wee eraus e grousse Präis wäert hunn. Et ass e staarkt Stéck Kino, deen engem ee fir allemol weist, dat d'Lutte fir Gläichberechtegung, Gerechtegkeet a Fräiheet ni eriwwer ass an dat déi Begrëffer keng fin en soi sinn a virop ni fir selbstverständlech gehale solle ginn. Onbedéngt kucken.