Wien elo wärend der Ouschtervakanz keng Zäit oder Suen huet fir eng Vakanz am Ausland, kann sech einfach an de Kino aspären. Well vun haut u si garantéiert genuch Filmer nei am Kino. Wat fir eng dat sinn, weess bekanntlech den Tom Dockal. Hie mécht eis elo e knackegen Iwwerbléck.

090425 Nei am Kino 15h40

Et si bal Zwee-Hand-Voll Filmer. Néng fir ganz genau ze sinn. A lass. An der amerikanescher schwaarzer Komedie Death of a Unicorn iwwerrennt e Papp um Wee fir bei e gemittleche Weekend an Eenhar. Op der Plaz ukomm well säi steeräiche Chef déi magesch Ressource vum Fabelwiesen hunn. Mam Eenhar ass net ze spaassen. Guer näischt mam gudde Fabelwiesen. D'Eenhar hei ass op Blutt aus. Mam Paul Rudd a mam Jenna Ortega an den Haaptrollen.

Am Film The Amateur hëlt de vum Rami Malek gespillte Personnage vum scheien CIA Informatiker d'Manette vun der Justiz selwer an d'Hand, ewéi seng Fra bei enger Terrorattentat ëm d'Liewe kënnt. An Warfare ass e Krichsfilm, deen an Echtzäit eng militäresch Missioun retracéiert, déi nawell an d'Box geet. Realiséiert ënner anerem vum Alex Garland, dem Kapp hanner Ex Machina, Annihilation a Civil War lescht Joer.

Déi däitsch Filmemaacherin Nora Fingscheidt vun Systemcrasher huet mam Saoirse Ronan de Film The Outrun gemaach. An deem kënnt de Personnage vun der jonker Frau no enger klinescher Detox a laange Joer Exzess zu London an déi schottesch Heemecht, wou si mat hirem Passé an neien Erausfuerderunge versicht eens ze ginn. Am däitsche Film Heldin spillt d'Leonie Benesch eng Infirmière, déi domadder ze kämpfen huet, dat hir Schicht am Spidol lues awer sécher aus dem Rudder leeft. An dat huet net just nëmmen domadder ze dinn, dat d'Spidol Personal-technesch total ënnerbesat ass.

Asiatesche Kino ass och um Rendez-Vous: engersäits ass mat Youth (Hard Times) vum Wang Bing säin zweete Volet vu jonken Textilaarbechter an der chineesescher Provënz ze gesinn, wou et dës Kéier ëm déi méi tumultuéis Relatioun vun Aarbechter a Management geet. Ko-Produzéiert vu Les Films Fauves. Anerersäits huet de Jia Zhangke mat Caught by the Tides en neie Film, an deem eng Fra sech op d'Sich vun engem Verflossene mécht, dee si viru Jore verlooss huet, fir an déi grousse Stad ze goen.

An dann ass ofschléissend nach déi indesch-tamilesch Actionkomedie Good Bad Ugly nei am Programm a fir déi ganz kléng Kinosgänger ass den Animatiounsfilm Masha & Mishka: Le parc des merveilles.