Wéi kann een e Film iwwer Alkoholismus maachen an dofir suergen, dat et net just e Sozialdrama ass, mee e visuellt Stéck Kinosaarbecht – The Outrun ass e gutt Beispill vun enger Äntwert op déi Fro. Dat mengt den Tom Dockal. Hie stellt The Outrun als Film vun der Woch vir.

120425 Film vun der Woch THE OUTRUN 13h40

Op d'Landkaart geluusst muss ee schonn erazoomen, fir ze gesinn, dat nërdlech vu Schottland - also souwisou schonn um ierwegte Wupp vun der brittescher Insel – nach eng ganz Rëtsch vun Insele sinn. D'Orkney-Inselen, eng wonnerschéin, mee rau a vu Reen a Wand gepeitschte Landschaft. Genau dohinner, an hir Heemecht, schléit et déi jonk Fra Rona hin. D'Rona ass säit 100 Deeg dréchen Alkoholikerin, huet eng Entzéiungskur hannert sech an huet uschléissend London verlooss, wou si laang Zäit am destruktiven Exzess gelieft huet. Op den Orkney Islands an der Natur, ëmgi vu Papp a Mamm, versicht d'Rona, nees zou sech ze fannen. Mee méi einfach gesot ewéi gemaach. Virop vläicht och, well d'Heemecht d'Wuerzel vun onopgeschafftene Traumata ass, déi d'Spiral no ënne lassgetrueden huet.

Déi däitsch Realisatrice Nora Fingscheidt huet no hirem staarken Debut Systemcrasher schonn eng jonk Protagonistin am Zentrum gehat, wat een einfacherhalber verhalensgestéiert géif ofstempelen. Mee genee ewéi an deem Film huet hire point de vue am Film The Outrun net een Ablack eppes jugéierendes. D'Saoirse Ronan incarnéiert dës geplote Figur an hirem Wee mat enger Glafwierdegkeet, déi een hir an dem Film en gros net direkt géif ofhuelen. Mat senger net-linearer Erzielstruktur, déi keng plomp fin en soi ass, erschléisst sech dem Spectateur lues a lues e psychologesche Puzzle vun engem Personnage. Ähnlech ewéi d'Klippen op den Orkney Inselen gëtt d'Haaptprotagonistin vun de Wellen ëmmer nees an d'Gesiicht geschloen. An tëscht de Wellen kann si opootmen. Déi Metapher notzt d'Realisatrice an hir Ko-Zenaristin, d'Auteurin iwweregens vum Buch, op deem dëse Film baséiert, net als moralesche Fanger aus, mee benotzen déi als visuell Komponent. Déi vum Saoirse Ronan gespillte Rona gëtt bannent der Lafzäit vum Film zu eeben där Landschaft, an där si sech nees erëmfënnt. An dat ass, trotz deem engem oder anere liicht sülzege Moment an der Geschicht, dat beandrockendst am Film. The Outrun ass vill méi ewéi just e weidert Alkoholiker-Drama. Net verpassen.