
© Warner Bros.
Eng nei Kinoswoch steet un an och déi ass nees vollgepaakt. Mat Vampiren, mam Pamela Anderson a mat iraneschem Arthouse-Kino. Et ass alles dobäi. Den Tom Dockal presentéiert déi nei Filmer am Kino vun dëser zweeter Ouschtervakanzwoch.
Den amerikanesche Kino trompt ganz eventuell direkt mat zwou Pépiten op. De Ryan Coogler zum Beispill, Realisateur vu Fruitvale Station, Creed an de Black Panther Filmer, lauert mat sengem neie Film Sinners op. Et geet ëm Zwillingsbridder, allebéid vum Michael B. Jordan gespillt, déi an de Südstaate vun den 1930er Heem kommen. Just fir do mat enger ganz anerer Form vum Béise konfrontéiert ze sinn. Vampiren. Dem Coogler säin éischte Film no de Marvel-Aventüren garantéiert e Genremix an Ausernanersetzung mat black history vun den USA a soll gläichzäiteg e grousst Kinosspektakel sinn.
D'Gia Coppola mécht mat The Last Showgirl dem Pamela Anderson eng Bün fräi fir sech no Joerzéngten am Geschäft als, entre guillemets, eescht ze huelend Schauspillerin der Welt ze presentéieren. Gläichzäiteg ass et awer och e bal privat Zeréckkucken op d'Persona Anderson an der Zäit. Si spillt nämlech eng Dänzerin, där hire Kabaret, an deem si laang laang Joer d'Haaptattraktioun war, zou mécht.
Et gëtt awer nach méi Independant- an Arthousekino dës Woch. Déi franséisch Actrice Ariane Labed huet mat September Says hiren éischte long-métrage réaliséiert. Eng coming-of-age Geschicht iwwer zwou Schwësteren, déi net eent ouni dat anert si kënnen. D'September an d'July déi sech mat hirer Ëmwelt eng Grimmel schwéier. Vermiglio ass en italieenesche Film, deen sech wärend engem Wanter vum zweete Weltkrich an de südtiroler Bierger. An déi solitär Kommunautéit komme sizilianesch Zaldoten a geheien d'Liewen do op d'Kopp. D'Biller gesi fantastesch aus. An am iranesche Film Higher Than Acidic Clouds geet et ëm de Filmemaacher Ali Asgari – seng Filmer waren ëmmer nees beim LuxFilmFest am Programm -, deen domadder kämpfe muss, dat d'iranescht Regime him Reesverbuet operluecht huet.
An da gëtt et nach den Actionfilm Locked mat engem vun de Skarsgaard-Kanner an dem Anthony Hopkins, d'comédie française vun der Woch ass eng Adaptatioun vun enger BD, Natacha (presque) hôtesse de l'air. Fir de jonke publique ass Moon, le panda programméiert a fir de méi ale publique de Concertsfilm Neil Young Coastal, realiséiert vun der Actrice a Liewenspartnerin vum Young, d'Daryl Hannah.