
© Sony Pictures
D'Pamela Anderson. Wann een deen Numm héiert, denkt ee manner u grousse Kino, ewéi u Plagen, Mailloten an trashy Televisioun-Ënnerhalung aus den 1990er. Ma genee d'Pamela Anderson ass awer haut am Zentrum vum Film vun der Woch. Dëse Film, The Last Showgirl, huet den Tom Dockal erausgesicht a stellt deen elo kuerz vir.
D'Pamela Anderson ass d'Shelly an dësem neie Film vun der jonker Cineastin Gia Coppola – jo, e weideren Deel aus dem Coppola-Clan. D'Shelly ass e Star vum Strip zu Las Vegas. Enfin, Star, war e Star an den 80er. Hir Moulin Rouge-änlech Revue Le Razzle Dazzle, bei deem si d'Poster-Girl war – mat vill Glitzer a plakege Brëscht – gëtt no Joerzéngten ofgesat. Kee Mënsch interesséiert sech fir déi Show. Eng liicht vulgär Zirkusshow soll hir Plaz iwwerhuelen. Fir d'Shelly brécht eng Welt zesummen. Do derniewt versicht si, mat hirer Duechter nees ze bonden, déi si mat hirem Liewenschoix als Dänzerin aliénéiert huet. Dat ass awer scho bal 20 an um Punkt selwer an d'Welt ze goen. D'Shelly gëtt mat dem luesen, mee kontinuéierlech Floss vun der Zäit konfrontéiert an déi Konfrontatioun geet hir méi no ewéi si Ufanks mengt.
Ëmmer nees gëtt et Filmer mat Stars a Stärercher aus Film an Televisioun, déi ee scho laang laang hannert sech gelooss huet. De Mickey Rourke huet ganz phänomenal ma The Wrestler esou e Film gehat, den Travolta Pulp Fiction, lescht Joer d'Demi Moore mat The Substance. Et iwwerrascht an et iwwerrascht och guer net d'Pamela Anderson an esou enger Roll elo ze gesinn. The Last Showgirl lieft dovunner, dat een hannert der Figur déi Actrice, d'Pamela Anderson huet. D'Anderson, e sougenannten Sexsymbol an Zeeche fir eng ganz präzis Zäit an Televisiounkultur. Bay Watch huet een net wéinst dem Schauspill gekuckt. Hei huet si awer eng Plattform, eng aner Säit ze weisen. Gläichzäiteg kann een an si zeréckzekucken, unhand vun deem Personnage an där Geschicht, déi einfach op si als ëffentlech Persona ëmzedréien ass. Vun alle virdrun opgezielte Filmer ass The Last Showgirl vläicht dee formelhaftste vun allen. An d'Gia Coppola ass nu wierklech keng grouss Cineastin – hir formell Decisioune sinn dacks net immens interessant – mee si vertraut voll a ganz dem Anderson, wou ee bis zum Schluss net weess, ob si einfach eng net esou immens Actrice ass oder ob si grad mat Limitatioune spillt. The Last Showgirl kritt domadder eng ganz onbeaarbecht a cru Eierlechkeet, déi net wierklech vun der Hand ze weisen ass. An dee melancholesche Portrait vu Las Vegas, deen niewebäi gemaach gëtt, ass och ganz flott.