D'Ouschtervakanz ass eriwwer an och am Kino gëtt nees geschafft. Zéng nei Filmer si vun haut un nei am Programm. Zéng. Den Tom Dockal huet elo d'Missioun, all ënner dräi Minutte virzestellen. Go!

230425 Nei am Kino 15h40

Am Film Drop gesäit sech eng Mamm a Wittfra bei engem éischten Date mat engem Mann. Et kéint net besser goen, wieren do d'Messagen, déi vun net alt ze wäit vun hirem Dësch op hire Smartphone gedropped ginn. An dann ass hire Fils doheem gekidnapped. Drop soll e liichten Hitchcock Riff vun engem Film sinn, mat engem dënnen Dréibuch, mee een, deen nawell Spaass mécht.

De Ben Affleck klëmmt an The Accountant 2 an d'Roll vum Comptabel um autistesche Spektrum, deen awer och en Undercover Agent ass. Until Dawn ass eng Filmadaptatioun vun engem Horrorvideospill, dat usech scho cinematografesch ass a manner wéinst sengem Gameplay bekannt ginn ass. An dann ass den Animatiounsfilm Hitpig fir de jonke Publique nei am Kino. Keen Hitman mee en Hitschwäin, dat zur Missioun huet, en Elefant erëmzefannen. Esouvill zum amerikanesche Kino.

De katalanesche Realisateur Albert Serra ass zeréck, mam Documentaire Tardes de soledad, an deem hien en Dag am Liewe vun engem Torero suivéiert. Egal ob een näischt mat Stéierkämpf unzefänken weess oder wierklech richteg schlëmm géint se ass – esou sollt een de Film vun engem vun de spannendsten europäesche Filmemaacher zur Zäit net verpassen.

Am chineesesche Film Black Dog trëfft e fräigeloossene Prisonéier an engem Déierenasyl, an deem hie schafft, op e schwaarze Mupp. Déi zwou einsam Séile fannen sech a ginn zesummen op eng Rees. An aus Rumänie kënnt de Film Traffic an deem sech d'Actrice Anamaria Vartolomei, déi eng Immigrantin an der Belsch spillt, un engem Gangster revanchéiere wëll.

Pink Floyd Live at Pompeii, ee vun deenen emblemateschste Concertsfilmer, kritt en IMAX Rerelease, dee garantéiert fantastesch ausgesäit. An da gëtt et nach d'franséisch Tragikomedie Aimons-nous vivants mam Gérard Darmon an eng däitsch Versioun vun der Jesus-Geschicht Der König der Könige, erzielt aus der Perspektiv vum Charles Dickens.