Superhelden, asiatesch Kichen, Nazien a Romcoms – et ass nees esou eng Filmwoch. Eng nei Filmwoch, bei där nu wierklech fir jiddereen eppes dobäi sollt sinn. Den Tom Dockal, ewéi gewinnt op dëser Plaz, elo direkt mat engem Iwwerbléck vun dëser neier Kinoswoch.
Superhelde sinn och 2025 net vum Kinosecran wechzedenken. Woubäi d'Filmer sech di leschten Zäit eng Grimmel schwéier gedoen hunn. Vu Säite vu Marvel sinn elo d'Thunderbolts um Rendez-Vous. Eng Zort Ënner-Avengers, déi sech aus enger ganzer Rëtsch vun Niewepersonnagen aus anere Marvel-Filmer zesummesetzt. Virop de Sebastian Stan als Bucky Barnes/Winter Soldier, mee och d'Florence Pugh zB. An déi musse géint den Taskmaster untrieden a virop géint hir eege Vergaangenheet.
Eng aner Zort vu Superheld war de Paschtouer a Resistenzler Dietrich Bonhoeffer, deem seng Liewensgeschicht am Film Bonhoeffer: Pastor. Spy. Assassin erzielt gëtt. De gudde Mann war un engem Plot bedeelegt, den Hitler ëm den Eck ze bréngen.
Et geet mat zwee Filmer an Osteuropa. Am Film The American geet et ëm eng jonk amerikanesch Dänzerin, déi et als éischt Amerikanerin gepackt huet, an de Bolshoi Ballet zu Moskau ugeholl ze ginn. Hir russesch Matschülerinnen si manner amused a mam Diane Kruger als Chefdanzprof schéngt och net alt ze gutt Kiischten iessen. Am ukrainesche Film Timestamp vun der Realisatrice Kateryna Gornostai geet et ëm d'Schoulwiesen zu Zäite vum Krich. E Mosaik vun engem Film, deen den Alldag vu Schüler a Proffen aus allen Ecke vun der Ukrain am Mëttelpunkt huet.
Zwou romantesch Komedië sinn nei am Kinosprogramm. Eemol déi franséisch mam Numm L'amour est surcôté an dann nach dem Jonas Trueba säi Film Volveréis oder The Other Way Around an deem eng Koppel vu 15 Joer decidéiert eng Party z'organiséiere fir hir Trennung ze feieren. Frënn a Famill si e bëssi duercherneen, mee si schéngen un hirem Plang festzehalen.
Dann gëtt et nach den indeschen Actionfilm Thudarum an deem sech en Taxischauffer am Zentrum vun enger geféierlecher Verschwörung erëmfënnt, nodeems säin Taxi vun engem korrupte Flix konfiszéiert gëtt an zu gudder Lescht ass nach de chineesesche Film The Dumpling Queen ze gesinn. Realiséiert vum Andrew Lau, dem Filmemaacher hannert der Original Infernal Affairs Trilogie. E Gudden.