
© Arizona Distribution
Et gëtt net méi genuch romantesch Komedie am Kino. Wat viru Joren e Genre war, dat ganz normal fest um Kinosmenu stoung ass haut méi eng rar geséinte Suggestioun. Dat mengt den Tom Dockal, deen eis awer haut genee esou romantesch Komedie, de spuenesche Film The Other Way, als Film vun der Woch virstellt.
Et ass eng onausgeschwate Reegel, dat um Enn vun enger romantescher Komedie déi zwee Mënschen, ëm déi sech de Film dréit, um Schluss zesummekommen. Am neie Film vum spuenesche Filmemaacher Jonas Trueba mam Titel The Other Way Around ass et wierklech, ewéi den Titel et seet, den anere Wee. D'Koppel am Mëttelpunkt vum Film, d'Alejandra an den Alex, decidéieren no bal 15 Joer zesummen, dat et net méi esou weidergoe kann an dat si sech trenne wëllen. A wëllen dat och nach feieren. Eng Soirée, eng Party dofir schmäissen. Si invitéiere Frënn a Famill an déi meescht sinn alleguerte méi oder manner irritéiert iwwert d'Decisioun vun dëser laangjäreger Koppel, déi en gros fir vill Leit déi perfekte Koppel war, op déi een eropgekuckt huet. Mee d'Alejandra an den Alex halen un hirer Iddi fest. Si wëllen sech trennen a si wëllen dat feieren.
Direkt an der éischter Zeen, d'Alejandra an den Alex leien an der däischtert vun hirem Bett, formuléieren si de Wonsch, esou d'Saach ze maachen, just fir dat si, iwweregens och eng Filmemaacherin, umierkt, dat dat usech eng flott Iddi fir e Film wier. Mee esou ass dat am Kino vum Jonas Trueba. Wou d'Grenzen tëschent dem Kino a dem soi-disant richtege Liewe sinn, ass fir de Filmemaacher net ganz kloer an et ass déi Verschwommenheet dovunner, déi him immens wichteg ass. An dann realiséiert d'Alejandra och nach e Film am Film. Et ass manner Mindfuck ewéi schwéier romantesch – de Geescht vu Joerzéngten ale Screwballkomedien hänkt an der Loft - an et geléngt dem Trueba, een duerch säi Film ze féieren, ewéi wann et wierklech mat léiwe Frënn gemitterlech duerch an agreabel waarme Septemberdag ze spadséieren.

© Arizona Distribution
Mee esou ewéi déi zwee jidderengem vun der gudder Trennung an der Feier zielen, dat ewéi am Loop widderhuelen – do läit och eng verstoppten Existenzangscht. Ma och mat der Repetitioun gëtt bewosst gespillt. De Kierkegaard gëtt an deem Kontext erausgefëscht an d'Opléisung ass wierklech schéin. Wien also op eng frësch a clever Variatioun op de Rom-Com-Genre Loscht huet, sprëtzeg Woody-Allen-méisseg liicht inzenéiert a mat ganz interessante Personnagen, dee sollt sech déi spuenesch Pépite net entgoe loossen.